JamieLeo
Grünschnabel
Dabei seit: 11.02.2014
Beiträge: 5
|
|
Moien,
Ech sichen een gudden Gratis-Programm fir Fotoën ze verschaffen. Am léiwsden eng Download-Versioun (Vollversioun). Am Moment geet et mer haaptsächlech drëms, Fotoën vun Staat bzw. Natur ze verschaffen, awer och ëm Portraiten. Am wichtegsten ass mer een Tool, fir d'Beliichtung vun eenzelnen Beräicher ze änneren, an net nëmmen vun der ganzer Foto.
Momentan notzen ech Google Picasa, mee d'Funktiounen vun der Beaarbëchtung gin mer mat der Zeit net méi duer. Photoshop Elements 2.0 hun ech och säit laangem installéiert. Dobäi stéiert et mech, dass een d'Fotoën muss eenzel importéieren, et wier méi einfach wann een eng Galerie hätt fir d'Fotoën all ze kucken (sou wéi bei Picasa halt). Fir Portraiten hun ech bis lo den Online-Programm ipiccy.com benotzt. Allerdings sin ech do net ganz zefridden mat der allgemenger Beaarbëchtung, dowéinst notzen ech deen baal nëmmen fir Korrekturen un der Haut etc.
Et wier fein, wann een mer ee gudden Programm nennen kéint, deen all déi Funktiounen kombinéiert.
Villmols merci,
Jamie
|
|
10.05.2014 12:54 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
Huesduligtroom probéiert? Oder as deen net gratis...?
Reng vun de fuktiounen hier machen adobe an apple do flott saxhen, mam lightroom, aperture, an mam photoshop, a kombinatioun mam bridge. Fläit -falls elo keen eng méi gescheit äntwert huet- solls de der awer iwwerlee'n einfach e puer pay-softs ze testen an dann eben der eng vun deenen ze "besuergen"
__________________
|
|
10.05.2014 18:13 |
|
|
JamieLeo
Grünschnabel
Dabei seit: 11.02.2014
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
Vum Lightroom haat ech nach eng CD vun 2002 heiheem fonnt déi ech ausprobéiert hun. An Kombinatioun mat mengem schon bessi méi alen Computer ass déi awer och net extrem séier, hänkt sech gär op oder stierzt regelméisseg of...
Apple geet leider och net, hun Windows.
Kostenpflichteg Saachen kommen fir mech leider och net a Fro, do spillen meng Elteren net mat...
|
|
10.05.2014 21:55 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
|
10.05.2014 22:12 |
|
|
JamieLeo
Grünschnabel
Dabei seit: 11.02.2014
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
Ass dat net nëmmen fir Effekter ze maan? Well dat wieren dann vill Funktiounen déi ech net brauch...
|
|
11.05.2014 19:55 |
|
|
BigVood unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von JamieLeo
Moien,
Ech sichen een gudden Gratis-Programm fir Fotoën ze verschaffen. Am léiwsden eng Download-Versioun (Vollversioun). Am Moment geet et mer haaptsächlech drëms, Fotoën vun Staat bzw. Natur ze verschaffen, awer och ëm Portraiten. Am wichtegsten ass mer een Tool, fir d'Beliichtung vun eenzelnen Beräicher ze änneren, an net nëmmen vun der ganzer Foto.
Jamie |
Dat hei passt op deng Beschreiwung: LightZone
|
|
17.05.2014 13:05 |
|
|
JamieLeo
Grünschnabel
Dabei seit: 11.02.2014
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
Villmols Merci, ech hun eppes fonnt war am Moment mengen Zwecker entsprëcht.
|
|
20.05.2014 19:59 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Deen beschten gratis Photobearbechtungsprogramm ass GIMP !
|
|
24.05.2014 22:02 |
|
|
JamieLeo
Grünschnabel
Dabei seit: 11.02.2014
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
mat gimp sin ech net sou zefridden :/
|
|
08.09.2014 11:07 |
|
|
|