Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Däi Kommentar kënnt mer grad fir wéi sou muench Kommentarer bei Fotoen wou d' Foto eigentlech gutt ass mee iergendee User awer iergendwelch Feeler bis hannen an de klengsten Eck siche geet well e grad soss näischt ze dinn huet oder einfach just onbedingt eppes wëll fannen fir auszesetzen.
Ech hun net kritiséiert dass eng Kategorie vu Leit Fotoen gutt fënnt an déi aner schlecht, mee ech sot dass dat mat de Federatiounen eng Kategorie vu Leit ass déi eng ganz aner Vue hun ewéi mir, an mir op eiser bleiwen. Ass also 100% koherent mat dem wat PG wëll sinn an maachen.
Nëmmen well ech sot dass Experimentéieren gutt ass a soll gefuedert ginn, heescht dat net dass all Experiment geléngt, als Physiker misst de dat wëssen.
Däi Kommentar dann mat all Alter, do sees du jo also dann quasi dass all al Leit tselwecht denken, geheis se also all an een Dëppen. Definitiv net meng Meenung.
__________________ 404 - Not found
|
|
02.01.2011 20:42 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ech stëmmen dier nët zou.
Ech hat hei e laangen Text geschriwwen. Mee ech färten dass eis Meenungen doduech nach méi kinnten ausereneen goen an dass mer dono streiden an et eis da Leed deet. Ech hun duefier den DEL-Knäpchen gedréckt a probéieren mech elo aus der Diskussioun erauszehalen.
Vläicht nach just eng Idee. Ech si nët hei fier ze meckeren, mee well eventuell méng Kritiken an Verbesserungsfierschléi vermëttelen. An dat hun ech an der deementsprechender Kategorie vum Forum gemaach.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 02.01.2011 21:44.
|
|
02.01.2011 21:42 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
"Mee ech färten dass eis Meenungen doduech nach méi kinnten ausereneen goen an dass mer dono streiden an et eis da Leed deet. Ech hun duefier den DEL-Knäpchen gedréckt a probéieren mech elo aus der Diskussioun erauszehalen."
Meenungen sinn do vir se ze hunn, an se ze soen. E melle Kompromëss ass ëmmer méi schlecht wei eng kleng laanscht d Läffelen (fir ween dann och ëmmer). An et ass d Arroganz déi all Diskussioun zerstéiert.
|
|
02.01.2011 22:53 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du stëmms mir net zou? Dass dat wat ech gesot hunn esou gemengt hunn wéi lo beschriwwen?
__________________ 404 - Not found
|
|
02.01.2011 23:10 |
|
|
|
Also ech muss lo zwar soen ech hun schon puer (ganz) schlecht Fotoen hei eropgelueden wei ech ugefang hun , an lo wou ech (hoffentlech) besser gin sin kreien ech meng 1st Foto refuseiert ..
ech well lo guernet geint dei Persoun schwätzen dei se "net ugeholl" huet , ech denken nemmen dass et eng sach vun chance ass (wann een keen Pro ass) ob engem seng foto ugehol gett , well et natierlech emmer un dem engem admin leit fir unzehuelen oder net.an adminen hun och wahrscheinlech verschidden gouten .
|
|
05.01.2011 19:46 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
jo, mais et as jo normal dat fier een "neien" t'toleransgrenz mei large as wei fier en aalen Hues !
Daat mengen ech as schon kloergestallt gin an as jo och am Prinzip ok ....
Ech mengen et gouff och gesoot dats de dei foto jo hei am Forum kanns weisen an dann gesoot kriss, resp. confirmeiert kriss dat se net "gut" as ...
Hun haut och mein eichten refus zenter 2 Joer PG kritt, awer net well se net gut wor lol ....
huel et sportlech !
|
|
05.01.2011 21:14 |
|
|
Scorpius
Jungspund
Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18
Themenstarter
|
|
Dat erklärt mir och lo wisou een heinsdo fotoen geseit wou een sech dan freet "wisou as dei akzepteiert gin an meng net" merci fir d'info
Btw, normal das se refuseiert gouw Gaga, deng Foto huet zefill sexyness !! dat as et
|
|
05.01.2011 21:22 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
@Marco, ech hun däi Bild net gesinn ka mer awer denken virwat net ....
@Scorpio, Garry an, .... mer waren schon @ll (ech selwer,méi wéi e puer Mol) derbäi.
Wann ech meng Frae hei weisen, ass a bleift hat dat schéinst, hat huet déi schéinsten
Kréienaen op sengem Bockel. Et ass just d'Jury vun der Misswahl, déi dat aneschters geséit.
Op engem anere Konkour oder Wahl giff hat erëm d'Nummer Eent ginn
Et ass immens schwéier tëscht Gutt a Schlecht oder nëmme Goût, ënnerscheeden ze mussen,
ech selwer deen sech och schon gréng a giel geiergert huet, gesinn et ewell méi sportlech, as d'Bild emol eng Kéier net hei ze gesinn, .... gett et anechwou gepoost an hei dann eben en anert eropgelueden .
Ech wées jo dat meng Frae oder déi déi ech elo grad fotograféiert hunn déi schéinst ass , wat soll et wann all déi aner Blanner et net esou gesinn
lol
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 06.01.2011 12:23.
|
|
05.01.2011 21:56 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Dann maacht mol een Thema opp mat den refuséierten pics.
|
|
05.01.2011 22:20 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
Zitat: |
Original von VeloBen
Dann maacht mol een Thema opp mat den refuséierten pics. |
fannen ech Blödsinn, wee seng refuséiert Pix wëll weisen kann Facebook oder DevianART zouspammen!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
05.01.2011 23:20 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Fir dass 1. déi Fotoen oflenke vun denen déi et wierklech op de Site packen an 2. fir regelverstéiss och nach trotzdem ze weisen? Nee, maache mer net
@Gaga: Technesch ass se perfekt
__________________ 404 - Not found
|
|
06.01.2011 00:20 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
jo, mais et as jo normal dat fier een "neien" t'toleransgrenz mei large as wei fier en aalen Hues !
Daat mengen ech as schon kloergestallt gin an as jo och am Prinzip ok ....
Ech mengen et gouff och gesoot dats de dei foto jo hei am Forum kanns weisen an dann gesoot kriss, resp. confirmeiert kriss dat se net "gut" as ...
Hun haut och mein eichten refus zenter 2 Joer PG kritt, awer net well se net gut wor lol ....
huel et sportlech !
|
déi géif ech gär gesin, wann se en plus technësch ok war, géif et mëch schons interesséiren wats de do gestiicht hues
|
|
06.01.2011 08:39 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von xaph32
Zitat: |
Original von Gaga
jo, mais et as jo normal dat fier een "neien" t'toleransgrenz mei large as wei fier en aalen Hues !
Daat mengen ech as schon kloergestallt gin an as jo och am Prinzip ok ....
Ech mengen et gouff och gesoot dats de dei foto jo hei am Forum kanns weisen an dann gesoot kriss, resp. confirmeiert kriss dat se net "gut" as ...
Hun haut och mein eichten refus zenter 2 Joer PG kritt, awer net well se net gut wor lol ....
huel et sportlech !
|
déi géif ech gär gesin, wann se en plus technësch ok war, géif et mëch schons interesséiren wats de do gestiicht hues
|
op Flickr hues de se schon gesin, et wor den HKfun dem Hennechten do ...
@ Johny, ech hun mer schon geduecht dat et geiff knapps gin, se as och Limit, net well et richtung Akt geht, masi well een schon relativ deitlech "konturen" erkennt ... keen thema !
|
|
06.01.2011 13:39 |
|
|
ludiol
Foren As
Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84
|
|
|
06.01.2011 14:56 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
RE: "Deng Foto as net ugehol gin" |
|
Mat der Zeit leiert een jo bei, an fierwaat soll et bei mir anescht sin.
Ech hun haut eng Foto refuseiert kritt, de Gronnt, bon, soit... se soll net scharf sin!
Et get seitens de Responsablen emmer direkt GROUSSGESCHRIWEN AN GEMAULT wann een sech hei "öffentlech" iwert eng decisoun zu engem Refus opreecht (ah nee, se soen ememr dei aner gengen MAULEN, sou wor et!).
Mais dann soot mer elo mol, wouhier soll ech wessen ween mer meng Foto refuseiert huet ?
Wann een daat nämlech net wees dann fällt et engem schweier sech net "öffentlech" dozou ze äusseren! klengt logesch, nee ?
Oder muss een dorauser schleissen dat et emmer um Johny as dofier riicht ze stoen ?
Bon als Anhang dann eng Verklengerung vum jpg deen ech eroplueden wollt, villeicht as en elo net mei scharf, mais wann een do net t'schärft gesait ... dann ...
Gaga hat dieses Bild angehängt:
|
|
13.02.2011 18:16 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Déi meescht Leit déi hei eppes schreiwen sinn och déi déi keng Kritik kënnen unhuelen allgemeng, an déi schonn net vill opweises hunn ...
Mee so mer, wisou soll ee wëssen ween genee eng Foto refuséiert huet? Fir eng eenzel Persoun un de Pranger ze stellen, so mer wat dat brénge soll? An souwisou gëtt dta jo glaich, wann ech derzou kommen de System fäerdeg ze machen, net méi vun engem alleng entscheed. wëlls de dann wëssen ween dofir an / oder dergéint war och all Kéier?
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2011 18:38 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
nee nee Johny, verdrein mer meng wierder net.
Wann een mer epes schreift, well ech gären stellung dozou huelen kennen. wann ech awer net wees ween et wuar, bleift mer naischgt anescht wei den Forum. Ech kann ganz gut mat kritik emgoen, wann ech awer 100% wees dat se falsch as, well meng foto wor net "neierens" scharf, dann well ech mech dozou äusseren kennen, as jo mein gut Recht, oder ?
fierwaat ech elo hei desen Post geschriwen hun, as well ech elo verstin fierwaat t'Leit oft heihinner kommen daat nofroen, well se jo keng aaner plaatz hun wou se sech richten kennen, dat as et waat ech haut mol novollzeien kann. Den Refus as mer wurscht, t'Foto kann roueg do am Keller bleiwen.
Ech hun oft matkritt dat t'leit hei gesoot kritt hun, "muss de direkt mat esou epes hei am forum ufänken, klär daat mat den responsablen etc" .... wann der daat wellt, dann muss een de Leit soen, wou an u ween se sech kennen riichten wann se eng fro zum refus hun.
thats all ...
du wees jo ech muss emmer e bessen um käffeg rabbelen
et keinnt een jo eng PN un den "Jury" machen kennen, oder esou ... eng difusiounslescht dei un all dei geht dei fraischalten, da bleift et anonym, an et kann een awer driwer "schwätzen"
|
|
13.02.2011 18:48 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dat mam keng Kritik kënnen unhuelen war absolut net fir dech gemengt mee als Reaktioun op däin éischten Deel, well mer net bereed si bei esou Leit nach vill ze rechtfertegen
Hoffen du verstees lo wat ech mengen? Do hun eben och ganz vill Leit bei ALL foto direkt "gemeckert" hei wann se refuséiert gouf, an dat geet engem einfach just op de Sak wann ee genee weess dass fir deen souwisou keng Hoffnung besteet dass en iergendwéi eppes versteet wann een ëm wëll erklären.
Et kann een jo grad eng e-Mail maachen un de Comité da kritt jidfereen se dee mat fräischalt... maache verschidde Leit och mee déi loossen och net mat sech schwätzen mee wëllen eis just hier Meenung opdrängen wéi de Site besser géing lafen. Op alle Fall ass et esou an 90% vun de Fäll.
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2011 19:21 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Dat mam keng Kritik kënnen unhuelen war absolut net fir dech gemengt mee als Reaktioun op däin éischten Deel, well mer net bereed si bei esou Leit nach vill ze rechtfertegen
Hoffen du verstees lo wat ech mengen? Do hun eben och ganz vill Leit bei ALL foto direkt "gemeckert" hei wann se refuséiert gouf, an dat geet engem einfach just op de Sak wann ee genee weess dass fir deen souwisou keng Hoffnung besteet dass en iergendwéi eppes versteet wann een ëm wëll erklären.
Et kann een jo grad eng e-Mail maachen un de Comité da kritt jidfereen se dee mat fräischalt... maache verschidde Leit och mee déi loossen och net mat sech schwätzen mee wëllen eis just hier Meenung opdrängen wéi de Site besser géing lafen. Op alle Fall ass et esou an 90% vun de Fäll. |
tip top, gesais de ech wousst emol net dat een eng mail un den comité kann machen. villeicht wier et besser dei dann direkt un den refus ze attacheieren. dann gesait een wou een sech kann weider informeieren.
fier de recht, ech verstin waats de mengs, mais et kann een net alles an en deppen geheien, komunikatioun as alles, an wann op iergend enger seit probeiert get mat der kommunikatioun ze spueren, dann kann daat net gut ausgoen.
ok, machen mer allt eng nei foto ... haut awer net... muer kennt dann eng aner !
|
|
13.02.2011 21:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wann een do direkt d' e-Mail hischreift, dann mellt sech herno jiddereen. An ech wëll nach eng Kéier drun erënneren dass mir dat all fräiwelleg maachen an och nach niewenbai musse schaffen oder anerer studéieren
Zur Foto selwer iwwregens nach: Ech hu se net refuséiert
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2011 23:18 |
|
|
|