Ech hun zwar desen Mount e bessi vill um Programm. Du kanns mir awer een PM schecken wanns du do bass, do kritt een dann vieleicht eppes arrangéiert. Merci fir d'Nofro!
hehe "iergendswou" mam Shantideva kiint dech eventuell nai schung, eng nai Box an schlömstenfals puer Schreipsen an blo Plaatzen kaschten.....hehehehehe
Welkomm och fun mir hai um Site! eicht Uploads gesin ganz gudd aus!emmer weider sou!
Wellkom hei op PG, sen gespaant op deng next Fotoen. Zumols dei wanns dem mam Shantideva op Tour gees ( do get et engem net laangweileg ). Eischter verflitt do engem Zait.
ooh jo, taatsaach! Se hun den server changeiert an well ech am moment hei zu washington setzen hun ech daat guer net matkritt...ouni dech haett ech daat lo guer net gemierkt...
Ech schreiwen dir jo net sou oft een Kommentar bei deng Fotoen, awer ech wollt dir heimat awer mol allgemeng soen dass ech daat waats du hei weis emmer ganz interessant fannen. Du bas durch dein Stil eng Bereicherung fir desen Site. An daat muss och mol gesoot sin!
Merci. daat as leiw. Ech kann dorobber aentwerten dass fier mech den site eng beraicherung as an dass ech emmer erem duerch dei saachen dei hei gewisen gin inspireiert gin.
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.
Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.
Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.
Ab do konnt een sech ganz einfach um Site umellen an seng Photoen der Community weisen, fir Kommentaren, Luef oder Kritike vun anere Memberen ze kréien.
Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.
Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen as den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag).
DAMN! Du hues jo och alles geläscht!
Willkommen im Club... obwuel domat PG alt erëm eng excellent Galerie lass ass, oder läschs du se hei schon méi laang?
ech setzen der heiansdo drop mais laeschen se meeschtens no enger zait erem. Daat geet meeschtens duer fier en puer meenungen ze kreien. Hun en bessen en zwiespaeltegt verhaeltnis zu PG.