Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Polfiltersimulatioun
 
Polfiltersimulatioun


d'Bild opmaachen a matt engem Double-click op d'Hintergrundebene an eng Ebene 0 ëmwandelen.
(alternativ kann een och d'HG-ebene duplizéieren an den Effekt dorop uwenden)


Ënne lenks op d"f" Symbol klicken, an am Popupmenü op "Verlaufsüberlagerung" klicken.

Déi hei Fenster geet op an d'Bild verwandelt sëch an e Waiss-schwarz Verlaaf.





Dann:

1. Füllmethode op "Ineinderkopieren" setzen.
2. Deckkraft op +/- 55 %
3. Wichteg !! : bei Verlauf op "umkehren" klicken
Déi aaner Parameteren je no Bild ausprobéieren.
Noom festléen vun de Parameter, d'Fënster vum Ebenestil nach oploossen !!

An da kënnt de Clou: Wann een elo mam Cursor (den sëch an e Feilkraitz verwandelt) vun Uewen no Ënnen iwert d'Bild fiert,
trëtt dé Polfiltereffekt an, den ee fein doséieren kann.
Hei d'Resultat:



Elo kann een dé Stil duerch klick op "Neuer Stil" ofspaicheren, e gëtt dé Moment un d'Enn vun der Stilpalett ugehaang a kann dann op all aanert d'Bild (waat virdrun an eng Ebene-0 ëmgewandelt ginn ass) ugewandt ginn.




Fierdeel par rapport zum Polfilter:

Keen 2 Blendeverloscht,
Nët ofhängeg vun der Sonn an dem Opnahmwénkel

Nodeel: d'Reflexiounen op netmétallegen Flächen kann een nët domatt steieren.


Geschriwwen vum No_Saint 07.04.2008, ass säit deem 21822x gekuckt ginn.
Paukl 08.04.2008 - 13:27
Salut
Hun dain Filter probeiert...Daat klappt ganz gudd. Et muss een just e bessen mat der Deckkraaft spillen. Flotten an hellefraischen Tutorial.
Mojoo 08.04.2008 - 18:51
Deck flott! Merci!
apu 01.05.2008 - 13:52
Fannen deen Tutorial och wierkleg hellefreich. Merciiii
Ricky 25.07.2008 - 19:44
Merci an Tip Top
rol66 13.01.2009 - 12:48
wonnerbaar,esou léiert een all Daag eppes bei,merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 239 Gäscht online