Mega Foto! Richteg geheimnisvoll Stëmmung, weder Daag nach Nuecht. Wars du do an enger Hütt? Oder hues du déi vu Saas Fee aus dem Dréirestaurant aus gemaach?
An der Realitéit war et ëρρes méi däischter, trotzdeem huet de Sensor et fäerdeg bruecht wärend der
2 1/2 Minutten Beliichtungszäit eng Onmass vun Detailer vun dëser grandioser Landschaft z'enregistréieren woubäi dës mystesch Stëmmung entstanen ass.
De Spot fir d'Opnahm war iwweregens an der Héicht vun der Gletschergrott, eng gutt Stonn Foussmarch ausserhalb vu Saas-Fee a Richtung Spielboden.
Merci Nico fir däi Feedback
Du mengs den den C/2022 E3, de grénge Koméit? Nee, nach net gesinn, hu just dovunner gelies, an zwar dat en ugangs Februar eisem Planét am noosten soll sinn.
Ech mengen, dee gesi mir och nit, well e knapps hell geniuch ass, fir mat bloussem Aa ze gesin an dann déi Liichtverschmotzung hei am Ländchen, déi jo méi allgegenwärteg ass wéi "deen do uewen"...