Wéi wier et mat engem quadratesche Kadrage? Sou heut een d'Impressioun, du häss déch nit getraut fir méi no bäi ze goen. An d'Quadrat verhënnert déi relativ grouss onscharf Fläch am Virdergrond. Hannert dem knubbeleche Pawee ass nach genuch Reflexioun. An als läscht Argument: Klassesch Streetfotografen aus den 1950er an 1960er Joeren hun dacks mat enger Rolleiflex oder Hasselblad 500C fotograféiert.
Do sin Froen dobei, dei ech mier och gestallt hun, haaptsächlech dei grouss onschaarf Fläch wollt ech zum Schluss behaalen well d'Reflexiounen vun der Luut chic op den Stand gin. Oofgekierzt maachen se daat och awer net mei sou intensiv. Waat deng Fotoapparater ugeet hun ech net vill Ahnung, mä et mecht bestemmt Spaass wann een esou een huet an domadder eenz get. An jo, meng Hemmschwelle ass nach net wierklech oofgeluecht
Merci, pixelman. Ech sin definitiv ee schlechte Fotograf mat schlamme Rotschléi a gudde Geessen. Wou's du recht hues, hues du recht! (Dat ass eescht gemengt! nit ophuelen als irgendeng Frechheet oder sou, wann ech gelifft!)
Di Reflexioun ass effektiv bildentscheedend. Dofir ass méng Remarque eigentléch kee faule Rotschlo, mais eng Ureegung zu enger Discussioun, eng Ureegung fir eng méigléch Alternativ.
Ech wärt nie vun mier behaapten en gudden Photograph ze sin, daat loossen ech aanerer entscheeden (an dann kennt et nach ferm drop un wien déi aaner sin). Annerer hier Meenungen zu mengen Fotoen sin mier awer wichteg, nët fier dann meng Fotoen direkt ze änneren mä vleicht mol eng aaner Vue vum deem ganzen ze kréien. Ech huelen Rotschléi mat op den Wee, verschaffen se awer no mengem Gusto well ech och net kopéieren, mä mier méin Stil ausbauen wëll.
Et freet mech awer, dass du d'Photo och esou gemaacht häss%uD83D%uDE0A
Ech freeë mech iwwer all Komentar hei zu menge Fotoen. Ech kann a wëll nach vill léieren.
Duerch déi Kommentaren hei hunn ech schonn vill geléiert.
Wann se allerdéngs net mengem Goût entspriechen, ignoréieren ech se einfach.
Mir gefält des Foto gutt, ech hätt awer och ënnen e bëssi ewech geholl.
Les gouts et les couleurs...
Merci Knipser,
an sech ass schon e bessi ewech geholl gin, sou sollt se bleiwen well dann och d'Luuten (dei een geseit an dei een net geseit) besser ausbalanceiert sin, och wann uewen riets eng ungeschnibbelt ass (daat weinst den Passanten ennert där Luut).
voilà, dest as fier mech eben och eng Plattform wou Luew an Kritik sech sollen positiv op dei eegen Entwecklung auswierken.
Les gouts et les couleurs ... bei s/w ass natiirlech och flott