Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Porto in the evening

All Fotoen an dëser Serie:
48075 Thumbnail
48076 Thumbnail
48077 Thumbnail
48078 Thumbnail
Porto in the evening
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.04.2023
  • Gekuckt:
    9526
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon Z7
  • Objektiv:
    Z24-70mm f:4
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Deen nei KI-ënnersëtzen Entrauschermodul vu Lightroom

Fir anzesetzen: [pg_img=92557]
Kommentar vum Fotograf:
Anscheinend muss een als Tourist zu Porto sou eppes, wéi hei op de Fotoe gewise, gesin hu, soss wier een nit do gewiescht. Nujee! Impressionnant ass et schon.
tormi 26.04.2023 - 20:49
Ech fier mein Deel sin nawell frouh, dass du daat gesinn hues well mier dei Fotoen ganz gudd gefalen ... just hun ech just den Androck, dass dei 1. liicht nolenks henkt???

Porto steet iwregens och op der "Haben-Liste"
Nicon07 26.04.2023 - 22:22
Deen Androck täuscht, well ech hun di Foto minutiös mat Quadrillage geriicht, nodeems ech de Lightroom domadder beoptragt hun, d'Foto automatesch ze riichten. Wanns du rechts an der Foto de Beschofspalais an d'Tiirm vun der Kathedral an d'Torre do Clerigos kucks, déi sti schéi senkrecht. Mais bon, ech gin zou, datt een den Androck trotzallem huet, si géng kippen. Also 100% kritt een di optesch Feeler vun den Objektiver digital awer nit korrigéiert.


Merci fir däi Kommentar. A jo! Fléi eemol op Porto. 3 Deeg, an du kriss di wichtegst Saachen zu fouss gemaach (plus minus 20-25 Kilometer am Daag, da packt ee labber, well ee jo kulinaresch Pause mécht).
tormi 26.04.2023 - 22:36
Genau, dei Tierm hun ech och genau gekuckt, mat deenen haat ech keng Bedenken, ech kommen just net mat den Wolleken kloer, doweinst hun ech d'Fro gestallt.
Nicon07 26.04.2023 - 23:26
Du als Naturaffine misst dach awer wëssen, datt et an deem Milieu keng riicht Droite gëtt. smile Di Wolleke haten eben ee Penchant irresistible. closed_eye

tormi 01.05.2023 - 00:55
hehe, ech riichten mier den Brell an Gratuleieren fier d'WF closed_eye
Nicon07 01.05.2023 - 08:40
Merci
gemu 28.04.2023 - 09:38
Di 1. (Titelbild) fannen ech excellent, di vill "kleng" Leit op der Bréck gin der Foto eng richteg flott Dimensioun an droen zu Sonnenënnergangstëmmung bäi. Merci fir d'Weisen du wors jo net als Tourist zu Porto mee als Fotograf bigsmile
Nicon07 30.04.2023 - 20:44
Nerci, Georges, fir di léif Wieder.
Paul-H 30.04.2023 - 00:21
Gratuléieren alt mol zur WF.
Nicon07 30.04.2023 - 20:42
Majo, da soen ch da scho mol Merci, Pol.
Zora 05.05.2023 - 10:52
Over the top, top smile
Nicon07 05.05.2023 - 11:39
Een décken, duebele Merci un Déch, Pierrette.
Zora 05.05.2023 - 20:11
smile
marker 08.05.2023 - 11:42
Schéi Vu'en vu Porto, dat Ganzt an enger insgesamt stëmmeger Atmosphär a gelongener Serie hei gewisen.
Gefällt mir gutt esou Nico.
Nicon07 09.05.2023 - 09:33
Villmols Merci, Marc.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 306 Gäscht online