daat mat der rouder Luut gefällt mier, pass jo bei den L . Ass daat just eng Luut? D'Reflexioun op der Lëns ass jo richteg hefteg vis à vis vum Hannergrond. Gudd ausgeglach.
Lo kennt awer den Supernörgler mat der Wermutsdrepps... well et fällt (zumindest mier) direkt op.
Den lenken Rand ass leider en mm mei niddreg wei den rietsen..
Also ech hun immens opgepasst fir dass d'Foto richt ass. Ech hun se elo nach eng Kéier am ganz groussen gekuckt an ech hun elo d'Gefill si kippt éier e bëssen no riets wéi no lenks, oder waat genau mengste de mam Rand? Ech wir frou wans de mech kéins "erleuchten" well ech well se evtl. an deen een oder aaneren Concours areechen. Ech empfannen daat iwregens net als Noergelei sondern als konstruktiv Kritik.
Zum "making of": Et handelt sech hei em eng Taass déi als Objektiv "getarnt" ass. Do hun ech ennen e klengt Lach dran gebuert fir dass ech zwee Dréit kann ran zéien an déi hun ech mat enger Fassung verbonnen fir dann do verschidden Biren dran ze dréien. An dësem Fall war et eng Infraroud Bir.
Merci fier deng Erliichtung, eng Taass, nee hätt ech esou net erkannt, cool gemaacht.
Sou an elo zu mier, mat dem Rand deen hängt ass dei Seit gemengt wou e bessi mei ennen "Zoom Lens" steet. Also dei lenks Seit vum O... vun der Taass.
Ech hun wierklech oft an genau gekuckt ier ech geschwriwwen haat. Probeier mol d'Foto aus dem Bild ze scrollen an dann nees seier eran ... deen Moment ass et (fier mech) ze gesinn. Eng weider Method wier en Geodreieck op den iewechten Rand vun der Foto ze lee'en an dei zwee Ränner mateneen ze vergleichen.
Du hues Recht, daat war mir net opgefall. Mee ech kann do näischt maachen. Ech hu mir elo d'Taass selwer nach eng Kéier genau ugekuckt, si ass liicht kromm verschafft. Waat kann een och fir 16.-€ verlaangen
Du mengs rem alles oprichten? Nee, nee, ech haat schon de Living fir zwee Deeg emdekoreiert....
Et fällt mir lo an, vleit ass d'Taass beim bueren déforméiert gin.....