Kommentar vum Fotograf:
Den Tomaséi beim Oberalppass, di offiziell Quell vum Rhäin.
Wann een dann di plus minus 300 Héichtemeter an der praller Sonn iwwert deelweis onméigléch stengech a géi Weeër ropgaangen ass an dann huet een di heite Vue op dee klenge Séi, da huet ee séier d'Ustrengung, den Duuscht an de Schweess vergiess.