Een analogen Tournedix mat engem Digitalo knipsen, deen ee Film simuléiert, "wéi krank ass dat dann?" (speech vu ménge Jongen resp. ménge Schüler*innen)
Dat do ass an der Gesamt note eng Datz, obschon di artistesch Kompetenz durchaus eng méi wi akzeptabel Genügend ass. Mais an der Methodekompetenz ass insuffisant, well de Kandidat d'Solution de facilité am Digitale geholl huet.
Nee, nee, Georges! Dat do ass eng super Foto a pass op, dat do incitéiert méch lo zum Plagiat. Ech hun och nach sou ee Vinylophon hei stoen, deen di läscht Wochen a Méint neess reglméisseg séng Ronnen dréit. Dee wärt och als Motiv mussen duerhalen.
Merci Nico fir dee flotte Kommentar, ech fille mech dirket eng knapp 50 Joer méi jonk a meng Kolléischzäit zréck versaat wou ech muenech Datz heeem erop op de Belair geschleeft hun. Ech géing mir awer daat mam Plagiat nach emol gut iwerléen daat kascht dech schliesslech deng Plaaz well du riskéiers domat stark (zu 96%) eisen nexten Premier ze gin
Weess de, Georges, bis dat raus kënnt mam Plagiat, sin ech scho laang an der Pension. Ech hu jo nach knapss annerhalwen Tour ze dréinen. A Premier gin? Ech zweifelen do stark drun, datt de Grand-duc méch do um Plateau leien huet.