Mam Silver Effex Pro just een digitale Roudfilter op di ganz normal b/w Conversioun dropgesat an de Kontrast ugepasst. Et ass d%u2019Géigeliicht wat hei deen Effekt provozéiert, well een normalerweis jo mat Roudfilter mat der Sonn am Réck een déifbloen Himmel mat dramatesche Wolleke knipst.
Den Autopédestre dee laanscht Staumauer op d%u2019Héicht bei Kaunetef geet an dann iwwert d%u2019Héicht laanscht d%u2019Duerf bis bei de Camping geet an dann op halwer Héicht durch de Bësch bis op den Déart bei der Bréck vun der Kaunereffer Strooss huet eng gudd hallef Doze Vistaën, wouvun am Fing just eng ëmmer neess gewise gëtt. An di aaner brauchen séch net virun där ze verstoppen.
Nico du kënns mer wëll ëmmer zufier, elo schon 2/1 fir dech, an iwriens wor geschter beim Hotel zur Alten Post, do stinn elo 2 Bauschuttcontainer virun der Haaptentréee, hoffen d'Vue op Esch am Lach bleiwt mer erhalen
Wat soll ech do soen? Du hues leider recht mat dénger Remarque, mais wann ee sou n der Späicherplaz limitéiert ass, wéi hei op PG, dann ass ee schlecht drun. Ech hun di Foto hei missen mat manner Quali späicheren, well ech soss bei Roplueden d'Remaruqe "Et ass ee Feeler opgetrueden..." ugewise krut. An ech hun awer och de SilverEffex am Verdacht, vun un, datt DxO deen iwwerholl huet, an een dofir bleche muss, an si di flott a fräi Méigléchkeeten, déi een nach bei google hat, durch hir deelweis onsägléch Virastellungen ersat huet, fir déi Artefakten do responsabel ass. Jo, sou ass dat mam Fortschrëtt.