Firwat schreiwt hei Keen eppes, gudd Fro?
Ech kennen dei Geigend a sinn begeeschtert vun den Dolomiten.
Waat kann ech domat soen? Cool , flotten Gipfel, flott Erliewniss, mee daat kennt net aus deser Foto eraus.
Et ass och Mëtteg opgebaut, an huet dodurch net dei Spannung.
Hei ass et schweier Fotoen ze machen, wees net wéi een Objectiv daat war, mee do hues de net vill Recull, well soss fälls de erof.
Hei diskuteieren mer jo iwer dFoto selwer an do misst méi dran sinn.
Ech kann hei een Tipp ginn, einfach e puer Biller machen an se als Panorama stitchen, duerno eweg schneiden waat zevill ass.
Dann ass méi Himmel drop z.B just wert dem Kreitz, asw.
Ech sinn jo nach net ganz lang dobai, ( bei Photogen a Photografie ) dessen Site ass jo keen Errennerungs Album, mee eng Platz vun e vill soll beiléieren, därf Kritik ausüben an och Kritik kréien, wuehl verstanden op Fotoen bezunn.
Domat hoffen richtig verstanden ze ginn, MbG Ren
Verstinn Zora, da léieren mer eis nach kënnen
et ass einfach wéisst du sees jiddereen kuckt anescht, well ech Platz kënnen, huelen nach anner intensiv Erliewnisser mat