Regiro, de Sujet vun der Foto ass gut.Ech hätt se just am Querformat gemach, sou dass den Bam mam Léiw riets vum Bildopbau steht.D' Qualiteit ass ze minimal dat geseit e jo un der Körnung vun der Foto.
Merci, ech hunn riets nach e klénge Bam, deen hunn hat ech als Géigepunkt geduecht, hunn en awer ewechgeschnidden, fir d'Bild méi ob den Léiw ze konzentréieren. Soss geet hien ënner. D'Liichtverhältnisser ware schwiereg: Dämmerung, staarken Reen, 700mm, Blend 8 (méi grouss ob hat ech net) an ech hunn géint Westen fotograféiert, also géint d'Liicht. Dofire ass den Léie och vill obgehällt an d'Rauschen ass net ze vermeiden.
Flott Kompositioun an Bearbechtung (mat Vignette...dei passt...) - an een prinzipiell interessant Motiv - allerdings stéiert emch immens dass den Focus verluer ass...gesinn net wou se scharf ass!!! =( (se gesait verwackelt / onscharf aus) - denken dass 400stel vir 700mm wuel awer net kuerz genuch ass...
schued.
Wat Schäerft ugeet, d'Foto ass wärend engem Wolkenbruch gemaacht ginn. Ech hunn missen manuell fokusséieren, den AF huet wéinst dem staarken Reen net fonctionnéiert. Natierlech ass eng 400tel Limitte. Ech sinn duerno mat den ISO erop gaangen, wat dann méi Problemer mam Rauschen bruecht huet. Ech mengen, dat et bal onméiglech war dat Bild richteg schaarf ze kréien, den Reen ass jo och en opteschen Störfaktor. Ech hu probéiert Atmosphär anzefänken.
D'Atmosphär bréngs de wierklech gutt riwwer! D'Déift duerch déi laang Brennwäit gefält. An mam Reen mëscht och d'Qualitéit sou Sënn wéi se ass. Mee mat der D850 misst de awer nach vill méi héich am ISO kënnen goen ier nennenswäert Rauschen optaucht?!
Dat eenzegt wat mir do gefällt ass déi ongewéinlech Haltung vum Léiw, an och déi Stemmung am Grëngs. Soss fannen ech d'Foto nët gutt. Sujet an der Mëtt, Onscharf. Sorry, ech verstinn dass een se well weisen well bestëmmt eng Geschicht hannendrun stécht déi originell ass, an dass se mat Opwand gemaach gouf.
Scharf kann se wuel net gin, et huet esou stark green, dat een den Leiw kaum gesinn konnt. De Reen selwer ass eng optesch Stéierung, dur déi den Sujet net méi schaarf gi kann. Ech hun se net hei hi gesaat fir se ze %u201Eweisen%u201C, mee fir villaicht Rotschléi ze kréien, wei ech méi aus der Foto eraushuele kann. Wei ern den Reen virum Himmel méi sichtbar maache kann oder eat een verbessere kann. Ech sinn selwer net zefridden, well awer déi aussergeweinlech Situatioun (e Leiw am Reen gesait een net oft) probeieren ob Pobeier ze bréngen.