Jo fannen och. Beien a Libellen hunn matt déi gréissten Facetten-Aan hei an der Géigend. Do kann ee vill rondrem spillen. Mee de Beelen hier sinn einfach just groovy.
Schäerft ass ganz gutt Plazéiert! Op een bei esou engem Objektiv, sech dann nach bei deem minimalen Fokus Beräich bei dem Fotograféieren nach op de Cadrage kann konzentréieren. Kann ech mir net virstellen. Wann awer nach e bëssen Loft bei de Fühleren ass, géing déi Platz Foto an mengen Aen nach verbesseren!
Yes genau! Daat hätt ech och leiwer hikruut. Ech muss mer fläit eng afaalen loossen, wéi ech d'Vergreisserung beim Uleen nach beaflosse kann ouni zevill ze wibblen. Soss sinn déi Vieher leider nach mei schnell fort. Merci fir d'Kritik.
Du bass jo och zimmlech vill an der Pampa ennerwee. Kann et sinn, dass et dest Joer erem méi Beie gëtt? Ech hun irgendwéi d'Impressioun, der mei ze gesinn.
Jo, dommader leis de net falsch. Et ass mer och opgefall dass verschidden Wiessen vill mei speit gemeihnt gin als lescht Joer an et geseit een och vill mei Blumen an den Wiessen. Weinstens mol bei mir an der Geigend