Ech gesin du amüseierts dech och gären mam Photoshop.
Ech setzen elo well 10 Stonnen (keen Witz!) firum Pc d'Grenzen vu mengem Photoshop erauszefannen.. Ech hun haut well sou vill gemaach kritt, onmasseg Tutorials gelies, souvill probéiert an mega cool Saachen erausfonnt.. et dréint sech alles.. (an jo, ech hun Vakanz an Kappweih ) !
Deng Foto ass cool gin, ziemlech propper geschafft
Een originellen, mee och een nët-ze-wënschen-Szenario, ...
... dofir awer eng ganz gelongen-ëmgesaaten-Iwerschwemmungsidee!
(hehe ... do schéngen jo och Fësch matt erangeschwemmt gin ze sin ... ....)
edit 3h55:
Den Nicon07, mee den Knolles awer och, géingen sech hei - esou wéi mir se mëttlerweil kennen, an wann se ëm dëss Zäit nach/schon op wieren - nët enthaalen kënnen, fir ze froen ob ët dann och Wäi(n)waasser wier ..... ) ...
Sou ech kommen lo nemmi no, dat geseit sou real aus dass ech dir am Ufank gegleeft hun, hm...wei hoss de dat nemmen gemach, muss mech och mol mei domater beschäftejen, also eng super Foto...
Do get et vun adobe selwer eng Tutorial-Rei iwwert d'Creative-Suite. Do kann een di Programmer, dont de Photoshop, Schratt vir Schratt beherrsche léieren.
mee haat mer eng testversioun fum photoshop roofgelueden an sin wieklech guernet eenz gin domadder...
hun net fonnt wei een retuscheiert, ausschneiden mam lasso ass nix gin an su weider... fannen och dass en immens komplizeiert ass
Also Jade, wanns de dech bessen amseiers, ...also hun den CS2 lo schon länger, an wats de dech mei domater beschäftejs wat et mi einfach gett, du muss di Fonktiounen eng Keier all ausprobeiren, dann kenns du se mat der Zeit,...AN bei den Tutorials, (wei den Mojoo schon soot) sin nach een ganzen Koup Tipps
nee, nee ..... d'Jade daat kennt glad an guer näischt vun PS, mee d'Lilia awer schon e bësschen méi!
Ech ameséieren mech awer gaer, daat ass wouer .... ))
Fantastech Faarwen, eng flott Idee nach mei flott engesaat. Ech mengen ganz ech muss mech och nach hannert den PS setzen. Ass och fir mech nach relativ komplizeiert an Neiland.