Google? Et kann ee vill googlen, d'accord, mais trotzdem... sou dement si mir awer net, datt mir awer och nach e puer Saachen ouni di Suchmaschin wëssen... hehe
(@ jekyll: Dat ass lo vu mir mat vill gudd Laun an Humor a Schmunzele gelies a beäntwert gin, nët datt mir nach op eemol hei ongerechtfertecht Meenungsverschiddenheeten hun.)
Net dach, ech hun dat jo och mat Humor geschriwwen. Trotzdem, sin déi vill Zitater hei um Site secher net all aus dem Kapp rezitéiert... mee bon, ass de bonne guerre.
Dat ass ganz sécher sou... Souwisou: Och fréier, wi et google nach net gouf, hu mir d'Zitater net all auswennech kannt, do hu mir dat a Bicher gesicht.
Fënns Du dat daat Doten dann elo besser ass, wéi dem Vince seng Boudoire Fotoen, déi's Du esou gnadenlos zerfleescht huëss, et waren Super Fotoen, wat leider elo e grousse qualitative Verloscht ass fir dese Site. Esou Biller wéi Desen hei kräischt Welt nëtt no. Kier virun Denger Dier, huëtt des Foto alles was Du beim Vince ze kritiséieren has, se ass ouwen gekäpt, de Kadrage ass nëtt daat, an de Sujet ass 0000
Maimonides, Du gess mer op't Strëmp, mat Dengem philosophesche Gehabe.
De PG huet periodesch sou Phasen, wou et de Bierg of geet, mais bis elo huet en iwwerlieft. Ech mengen, dat ass leider sou, datt do wou Mënschen séch fir Konscht engagéieren, et zu Meenungsverschiddenheete kënt. Ech géif et schued fannen, wann s du Recht behaale géings, well egal wéi, PG huet vill Meriter fir d'Fotografie zu Lëtzebuerg. (an nach een Zitat, ouni google : Wo viel Licht, ist auch viel Schatten.
Ech mengen, all Mënsch hei um Site weess vu wéi engem Vince mer hei schwätzen, an dem seng Fotoen ka kee méi hei kucken, well den huëtt säin Account geläscht, a wann's Du nëtt méi weess was de sees a schreifs, dann haal einfach op domadder.
Ps, ech leiden nëtt ënner Schizophrenie, Du brauchs mech nëtt an der Mehrzahl unzerieden .
"Schizophrenie" ass an desem Kontext
total délacéiert. Wann et da muss sinn
kann ech dir dat Wuert
dann och nach professionell erklären,
MsJarryman.
Deplacéiert Kommentaren hues Du selwer Maimonides, der schons esou munch hei hannerloos, (a wann se da net geläscht si ging, da stinn se haut nach do). Iert ech ofschléissen heimatter, well ech dir an dësem Kontex trotzdem nach soen, DU Maimonides, brauchs mir näischt professionell ze erklären