Ech sin normalerweis net pingelech, awer an dësem Fall bieden ech déch, mir ze erlaaben, de Professer raushänken ze loossen...
Vu datts du dës Szen hei jo gestallt hues, häss du vläicht dir missen e bësse Méi maachen, fir di zwou Kiischten par rapport zum Plan capteur parallel auszeriichten, sou datt di zwou Kiischte scharf gi wieren, idem fir de Still vun där schwarzer. Och kippt d'Foto liicht no rechts. Mais soss ass d'Iddi flott a verdingt et ëmgesaat ze gin.
(p.s.: ech weess wouvunner ech schwätzen, ech maachen och meeschtens irgend ee Feeler a méngen Arrangementer, a wann et nëmmen ee Läffel ass, dee schief läit... Gehaansdaag )
Villmols Merci fir Däin Kommenar deen ech gudd verstin. Dass déi schwarz (inklusiv Still) net scharf ass, war sou gewolllt, ech wollt déi giel rausstellen. Mierken awer lo dass daat mer net gelongen ass, ech hätt daat missen méi dätlech maan (also nach méi onschaarf) an/oder am Text vermierken.
Dass se liicht no riets kippt ass mer awer lo réischt no Denger Bemierkung opgefall, do hun ech gehaselt.