Kommentar vum Fotograf:
Eng Hmong Famill an den Central Highlands am Vietnam.
Ech war déi lescht Joëren op e puer Reesen an hunn emmer erem probéiert, mei Leit ze fotograféieren. Ma ech fannen, daat ass mat dat schwieregst un der Reesfotografie an ech kommen ni mat ville Biller heem, mat deenen ech zefridden sinn! Dofir brauch ech Hëllef vun Leit hei, déi Erfahrung hunn, friem Leit am Ausland ze fotograféieren, well ech net genee wees, wéi ech mech uleeën soll...
Soll een froën? Oder einfach drop lass, fir daat et méi "authentësch" ass? Et well ee jo och net, daat et gestallt ausgesäit... an awer ass et hier gutt Recht ze soën, daat si dat nët wellen. Sollen d'Leit an d'Kamera kucken, oder besser ewechkucken? Wat sinn Är Tricks an Tipps?