Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Relax

 
Relax
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (15.04.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.04.2013
  • Gekuckt:
    14259
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x666
  • Späicherplaz:
    483 KB
  • Originaldatum:
    2013:04:14 14:36:14
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71838]
Kommentar vum Fotograf:
Luzern, Momentopnahm
Jean-Jos 14.04.2013 - 21:52
Relax man!
Ongewinnte Bea vun dir a ganz fäinen 'street'.
Nicon07 14.04.2013 - 22:50
Merci, Jean-Jos. Et freet méch wann di Foto dir gefällt, mais wann ech se lo hei méi genee kucken, da fannen ech se awer net méi sou gudd. Ech mengen, ech hun deess Gudden e bëssen zevill gemaach. closed_eye


MbG Nico
Ted_Lapidus 14.04.2013 - 22:28
mir gefällt ett guer net...ett mengt ee baal ett wier ee schlechten HDR...

an zum street: waat soll dei photo eis soen? dass d'asiaten zu Luzern all gelangweilt sin?
Nicon07 14.04.2013 - 22:49
Merci fir déng Appreciatioun. Ech muss éierléch gestoen, datt ech am Fong hei och net sou richteg iwwerzeecht sin, dofir hun ech och vläicht dese "gritty"- (Jo sou heescht dee Filter) mat Strukturiwwerlagerung-Filtrage gemaach, an der Hoffnung, et géif durch den Effekt awer eppes Interessantes dobäi rauskommen. smile

Mais zur Ausso vun der Foto (wann se dann iwwerhaapt eng huet...): Op alle Fall wollt ech net soen, datt d'Asiaten zu Luzern gelangweilt sin. Et war éischter di Konstellatioun vun de Lait op deene Bänken, déi hir Prabbelien do sou flott do laien haten, an dann di Farfspillerei, an eben d'Enseigen vum Geschäft hannendrun, déi mir einfach sou zesumme gefall huet. A vläicht nach ee clin d'oeil, deen een awer muss sichen, dat gin ech gären zou: Lénks steet gnz kleng entzwuesch eng Mark vun deieren Aueren, déi an de Konsonanten genau tselwécht ass, wéi am Titel vun der Foto an eben an der Enseigne vum Geschäft hannert dem Grupp Leit.

Méng Fro un déch: gefällt dir d'Bea net, oder di ganz Foto, egal ob ech se lo nei a manner pseudo-HDR-méissech verschaffen. Soss kann ech se fir mar eventuell nei verschaffen.

MbG Nico
Ted_Lapidus 14.04.2013 - 23:02
also ech ging mol soen wann d'Bea net wier ging se mer bestemmt schon ee bessen besser gefaalen...vlait lenkt ett zevill vun allem oof. d'foto ass extrem onroueg alleng schon duerch den filter...
Nicon07 15.04.2013 - 10:19
Ok! Dat ass net falsch. Ech kucken den Owend, wat ech maache kann. Merci!
Ted_Lapidus 15.04.2013 - 18:49
Daaaat aaassss schon viiiil beser! closed_eye
Nicon07 15.04.2013 - 18:54
Merci!

Mais du wars elo méi séier mat dénger reaktioun wi ech mat méngem Kommentar zur Foto. Mécht awer näischt. closed_eye

MbG Nico
Nicon07 15.04.2013 - 18:52
Ech hun, nodeems ech mir dem Ted_Lapidus séng Bemierkungen zu Härz geholl hun, eng nei Versioun vun dëser Foto, wou mir déi Prabbelis-"Installatioun" sou gudd gefall huet, ropgelueden, ouni Strukturen an ouni Entsiedegungsfilter. Si ass elo bëssen no un der verpixelung, mais dat huet och ee Grond: Ech hun nawell ganz vill gecroped fir just dësen Ausschnëtt zréckzebehaalen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 152 Gäscht online