Kommentar vum Fotograf:
Foto as vun de Samsten, ech hun do eng ganz Kolonie vun wëlle Schwain gesin. Et waren der minimum 20 steck! (inklusiv puer ganz klenger) Ech hun se fir deicht an engem Bësch begeint wou ech ongewollt bemol op 10 Meter no dru war an epes heieren hun. Wi den "leader" mech dun erwittert huet hun ech gesin das et net just 1 war mee en ganzen Rudel. Do huet een schon Respekt an haat och bessen Herzklappen ;-)
Se sin dun zweschen 2 Seier duech gebeschels gelaaf an eng Saakgaas, an hu mer geduecht et wier fleit gut wan ech emdreinen geng soss gengen se nach aus Angscht iwert mech laafen, schlussendlech sin se dann awer duech d'Wasser gelaaf/geschwomm. Ech hun awer den Tuer gemeet an hun se ca 20min drop namol begeint, do hun ech dan des Foto gemeet. Leider war et zimlech onerwaard geschit sou das ech d'Cam net optimal agestallt haat (1/250s) Hun probeiert nach puer detailer raus ze schaffen. Foto gouw fräihänneg geschoss, euni stabi.