Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

A l'orée du bois

 
A l'orée du bois
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.10.2012
  • Gekuckt:
    13231
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    417 KB
  • Originaldatum:
    2012:10:07 19:55:07
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 24-70mm f/2,8
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67288]
Kommentar vum Fotograf:
Liicht- a Schiedspill am Besch am Conzefenn bei Wäisswampéch.
galileo 07.10.2012 - 20:07
Ech hun de moien am Bësch och versicht de Far ze fotograféieren...allerdéngs sin ech ëmmer rem um groussen Duercherneen geschéitert...du hues dat hei bësser hikritt. Duerfir hun ech dunn mäi Makro geholl closed_eye
Nicon07 07.10.2012 - 20:30
Deen hun ech no dëser Foto och geholl, de macro, awer fir di verschidde Pilzer, déi do sou rëmstin ze huelen.


Merci!
Maimonides 07.10.2012 - 20:30
Firwaat, Nicon07,
ass di Foto esou schéin ?
Nicon07 07.10.2012 - 20:33
Dat ass eng gudd Fro, Charel. Mais ech mengen ech kann déi net fir déch beäntwerten. Ech weess just, datt ech happy war, wéi ech di Kontraster, déi do um Bord vum Bësch waren, och wirklech op de Sensor kritt hun. Ech hu mat alle méigléchen Astellunge probéiert a schlussendléch mat der Spotmiessung um Far mäi Gléck fonnt. smile
galileo 07.10.2012 - 20:41
Vläicht wëll den däischteren Hannergrond déi néideg Rou erabréngt, an duerch dee richtegen Point de vue nët "zevill" op der Foto ass...an dat natierlech an enger korrekter Beliichtung.

Déi üblech Problemer vu Fotoen am Bësch sin hei gudd geléist.
wuff 07.10.2012 - 21:06
En flott Faarwespill, wann do net deen hellen Bamstamm am Hannergrond wier, deen zitt den Bléck ze vill op sech fannen ech.
Nicon07 07.10.2012 - 21:13
Dat ass net falsch, wat's du schreifs, mais wann deen net do wier, da géif der Foto eppes feelen, mengen ech mol. Ech hun dee ganz bewosst sou mat an d'Bild geholl. Mais ech behaapte méch awer elo net drop, datt ech recht hun. closed_eye
Maimonides 07.10.2012 - 21:34
An di ganz kleng "Fata Morgana" ass och kuckeswert, Nico.
Nicon07 07.10.2012 - 21:40
Genau! Déi huet misse mat an d'Foto, an dofir ass dann och deen helle Bam drop...
Maimonides 07.10.2012 - 21:46
...eben...
jorsch 09.10.2012 - 17:39
Ganz schéin a flott fonnt, dat giel-gréngt Far op dem ( bal ) sw-Hannergrond!
Ferdl 06.12.2012 - 21:46
Dat ass eng schéin Stëmmungsfoto. Fannen d'Kontraster ganz gutt.Den helle Baamstamm stéiert net, menger Meenung no wär den Hannergronn soss ze däischter, an et géing Iergendeppes feelen...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Halerbaach

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: iaescortsmap
Am Ganzen: 3727
keen Benotzer an 328 Gäscht online