Merci gesoot, sou no beim Haus weilt ech déi och nët onbedengt hun ... ech hun obgepasst hinnen nët ze no ze kommen ... déi Biller do sinn alleguer extrem gecroppt
Dan hun ech epes beigeleiert, hu gemengt se wieren mei agressiv. Mee denken das och eng psychologesch sach, wan sou e fett beicht firun denger nues flitt, dan fillt een sech definitiv mei agresseiert wei bei enger geweinlecher harespel
Dat mat där " psychologescher Saach ", Scorpius, stëmmt sécher. A wann esou eng laanscht d'Ouer flitt, dann héiert een e Geräisch wat een net direkt kennt.
Ech souz eng Kéier op enger zouener Veranda, owes spéit, an do waren där e puer honnert virun der vu bannen beliichter Fënster. An ech hat keng Knips derbäi....
;-(
Arrgh, schued ... ech sutz eng Keier zu Bascharage an engem Resto do woar och alles voll dobannen. Si hun awer kengem eppes gemach, mais ët woar mer awer net geheier. Dat woar och déi eischt keier dass ech der iwwerhaapt gesinn hun
Ech kennen 2 lëtzebuerger Nimm vun hinnen: "Runnen" an "Huschen". Et missten där Nimm awer nach méi ginn. Wär mol villäicht interessant d Oueren ze spëtzen.
Gudd dei dooten. Ech kommen grad aus der Toskana, do war och een Nascht beim Haus.
Wei ech mech ugeschlach hun fir se ze fotografeiren, hun d'Hornissen décideiert dass et besser wär wann ech daat net ging maan. Ech hunn hinnen dunn brav gefollegt
Kruut awer puer Haarespelen, dei ech nach speider hei posten.
Hehe, jo dat summen an déi bedrohlech Foarwen an d'Greisst vun denen skann een iwwerzegen fir ob Distanz ze bleiwen... Dat Nascht héi Léit direkt um Spazéierwee an ginn déi ganzen Zäiten Léit laanscht. Et sutz och ëmmer een "Wächter" beim Angang den nët erausgeflunn ass.
Ech mengen der gesait en och réischt kiirzlech hei, als Kand kann ech mech nët ërenneren der gesinn ze hunn. Dëst Joër hun ech der zu Remerschen an ob der Kockelscheuer gesinn