hat den Owend mol probéiert puer Obnahmen ze maachen wann et däischter ass, hann nach nëtt vill Erfahrung an dem Bereich, dofir wär konstruktiv Kritik wëllkomm.
Eng flott Serie. Déi 2te ass fir mech déi beschten, well se am harmoneschsten beliicht ass. Déi 1te ass bësschen onscharf ginn, dat geschitt bei Langzaitbeliichtungen gär duerch d'Loft, Vibratiounen asw. Do hëlleft Spigelvirausléisung an en Fernausléiser (oder Selstausléiser 10 sek) Wann vill Loft ass, kanns de net vill maachen... Déi 4te an 5te sinn net schlecht. Bei sou Opnamen ass et och ëmmer gutt, wann s de einfach e pur Stéck vun engem Motiv mëss an mat verschiddenen Zäiten 'spills', dann kanns de der déi optimaalst herno eraussichen. Op allefall ass deng Serie awer am allgemengen gutt (fannen ech mol)