Ech gesin nët richteg de Sënn vun enger Blend 1.4. Ass ok wann d'Luucht miserabel ass, daat war jo nët de Fall (cf. 1/5000 s.), oder wanns de däi Sujet vum Hannergrond wëlls lassléisen, waat hei och nët de Fall ass.
Ech mengen mat f 4.0 - f 5.6 hätt deng Foto méi Bëss, esou ass ët eben technesch bedingt just eng éischter flau Foto...
Maach ët nach gutt mat dengem première's Examen, nët dass der d'Vakanz mat engem Noexamen verhons...
also ech fannen deen flou effect ganz interessant , obwuel en bei esou verschlosszaiten eben haett och nach keinten den iso eroof dreinen .. ween brauch 1/5000 ?
... ween brauch 1/5000? ... een mat zidderegen Hänn, mais dofir ass de Bobby nach e bëssen ze jonk...
Bon , wann é Flou gewënscht ass, kann daat och aanescht hikréien. Wou ech den Effekt vun f 1.4 (oder allgemeng opener Blend) ganz flott fannen, daat ass z.B. hei... She
bon dei 2 do sin em en bessen besser gelongen obwuel se net wierklech ganz scharf sin
mais bei daer heihen gefaelt mer d'pose, model an teinung gudd, ( bis eben op dei open stiwelen dei en bessen koomesch haenken ) an eben den flou effekt .. get dem ganzen bild eng gewessen stemmung.. eng vignette wier hei och nach flott
Fräck, wat maacht dier en Drama aus engem Detail...
Blend stung nach op 1.4 well et beim leschtem Shooting béis däischter war an ech vergiess hunn se nees en bëssen op ze maachen.
Wéi gesot, ech hat se einfach vergiess zou ze maachen.
Wubäi ech zwar zimlech oft mat oppener Blend vir Portraiten schaffen, well op d'Distanz ass soss awer vill vum Model schäerf, wat ech seelen well. Wann ech lo just Portraiten maachen, maachen ech se méi zou well soss wierklech ze wéineg schäerf ass.
Hei kennt awer och nach derbäi dat leider vill Detailschäerft beim kompriméieren verluer geet, am Tiff ass d'Gesiicht zu 99,9% schäerf.