Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vino nobile

 
Vino nobile
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.09.2010
  • Gekuckt:
    22876
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    4/1000 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    1000x600
  • Späicherplaz:
    349 KB
  • Originaldatum:
    2010:09:29 20:25:13
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49359]
Kommentar vum Fotograf:
di Montepulciano, nëmmen net verwiëssele mam Montpulciano d'Abruzzo... :-)
Net wel dee mi schlecht wier, nö, deen ass grad sou lecker, mais beim Vino nobile handelt et séch ëmm ee Verschnëtt vun Sangiovese (70% min), Canaiolo Nero (10-20%) an nach e puer lokal Drauwenzorte wi Mammol z.B. De Montepulciano d'Abruzzo huet säin Numm vun der Drauwenzort Montepulciano.
VeloBen 29.09.2010 - 20:38
Deen Zonk am Fierdergrond fannen ech perséinlech stéierend.
Nicon07 29.09.2010 - 20:44
Eigentléch ass dat zwar keen Zonk, mais et sin och Riewen. Ech kann déch awer verstoen, wat s du mengs. Ech konnt awer op der Plaz net méi héich klamme fir driwwer ze fotograféieren, a fir dee ganzen ënneschten Deel ze cropen, dat mengen ech, wier och net gudd. Mais ech kann awer mat dénger Kritik eens gin. Ganz onrecht hues du net.

Merci.
VeloBen 29.09.2010 - 20:49
Just my 2 cents ! bigsmile
Soss ass d'Bild awer flott! Kéint een direkt opp eng Etikett vun enger Wainfläsch setzen.
Nicon07 29.09.2010 - 20:56
Dat kéint een, effektiv. smile
VeloBen 29.09.2010 - 21:36
Mee du hues Recht. Wann een zevill cropt, an daat ass et een anert Bild.
Du hess den Zonk/Riewen einfach sollten emrappen! bigsmile
suraki 29.09.2010 - 21:08
djo, ... ech gif e jo grad esou gäre schmaachen ewéi gesinn,
wa net nach léiwer closed_eye
Nicon07 29.09.2010 - 21:09
Hun awer kee méi.... Wann et net sou wäit wier, bis dohinner, ech géing elo direkt nach es siche fueren... closed_eye
suraki 29.09.2010 - 21:21
wär et net esou wäit giff ech mat fueren closed_eye
mischii 29.09.2010 - 22:05
mir gefällt et sou mam Zonk
Zaungast géifen eis Nooperen soen, et kuckt een mol do eran,
an lo mechs de eis och nach Loscht op e gudde Wengchen
Jeanny 30.09.2010 - 07:33
eng herrlech Landschaftsfoto Nico
ChLo 30.09.2010 - 08:48
Super Bildopbau, flott Faarwen an et léiert een nach eppes nei, wat well een méi. smile
gtaddei1 30.09.2010 - 14:41
Ekzellent .. just nemmen e bessi blo de Bierg dén awer villeicht e bessi mei greng misst sinn (dat ass nemmen eng kleng questioun vun Waissscepticalfgleich)
Genau ewei du daat super Préciseierst ... Den Nobile vun Montepulciano (Duerf an der Toskan) ass net den Montepulciano d'Abruzzo ... Abruzzo = eng Regioun 250 km Südlech vun der Toskan... an de Montepulciano ass enin Drauwenzort dei dem Sangiovese gleicht meé kén ass.

Also mir missten eng keier esou eng rencontre maachen fir eng flott Degustatioun ze maachen!

Nicon07 30.09.2010 - 19:55
Dat mam Wäissofgläich ass ganz richteg, mais wann ech ze vill "warm" maachen, da get den Himmel mat gielzéch. Gring am eigentléche Sënn war den Bierg och net, e war éischter grogring. Mais soit! Zum läschte Punkt vun déngem Kommentar. Dat schingt mir nawell eng Iddi ze sin. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 322 Gäscht online