Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

TC20E III & VR 70-200 1:2,8

 
All Fotoen an dëser Serie:
5082 Thumbnail
5083 Thumbnail
5084 Thumbnail
5085 Thumbnail
TC20E III & VR 70-200 1:2,8
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.03.2010
  • Gekuckt:
    26630
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    6.03.2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Objektiv:
    AF-S VR Nikkor 70-200 mm 1:2,8G ED
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
& Teleconverter TC20E III

400mm
1/400 sec
1.6,3
ISO 640

Fir anzesetzen: [pg_img=43431]
Kommentar vum Fotograf:
Testbiller mat ménger neier Telekombinatioun.

n° 1 Original (Distanz zur Märel 2,50 Meter ongeféier)
n°2 100% crop

net nogeschärft am jpeg, just am Raw op 5 %

Nodréigléch eropgelueden:

n°3 Original: Distanz zum Baam, 5 -6 Meter
n°4 100% crop. Bei 12 Mpx, net vergiessen!!!


Fazit: Et soll ee schon no genuch erugoen und séng Modeller an net bis an d'Onendlécht wëlle cropen. Dest ass just fir eng Iddi ze gin, wat een TC haut färdeg bréngt, a fir de Laurent76 z'wwerzeegen, dat hien....












ee 400mm f:2,8 Fixbrennwäit muss kaafe, fir wiirklcéh gudd Fotoen ze kréien.... :P

LOL
arwa 06.03.2010 - 10:40
oh, den Nico huet sëch déen neien vill geluewten TC.... kaaft

ma da si mir op weider Fotoën gespaant .

noschärfen wir och nët ubruecht, virun allem nët am 100% Crop
eichter e kleng weineg entrauschen an da noschärfen
(mengen ëch mol)
mais 100% as ëmmer - mat Vorsicht - zu geniessen smile)
Laurent76 06.03.2010 - 10:45
Daat geseit mir ganz ok ass, elo mussen mir nach jsut eng Märel fannen , een Sigma 50-500 an een Sigma 150-500 fir ze vergleichen..., hehe
Nicon07 06.03.2010 - 10:51
Ma hei wier mol de Sigma 150-500...

smile

Awer dee vun 2000, net dee vun haut. closed_eye

De Bléck
Mais do hun ech vill un der Foto gedoktert, wéi een dierft gesin, an deemno kann een do net grad vergläichen.
Miau 06.03.2010 - 13:48
convaincant...
gtaddei1 06.03.2010 - 17:56
E bessen platt ... Nummer 4 ass dei dei mir am beschten gefàllt vum Kadrage aus
Nicon07 06.03.2010 - 18:09
E besse platt??? Lies du dann net mäi Kommentar? closed_eye Ech hun express näischt dru geännert. Duerfir muss du lo soen, ob's du d'Foto platt fënns wéinst dem Konverter, der Luucht oder dem fichier brut, dee just vum RAW an den jpeg ëmgewandelt gouf...

Datt d'Nummer 4 vum Cadrage hie am beschten ass, dat weess ech, mais et geet mir hei an desem spezielle Fall net drëms, eng virbildléch Naturfoto ze weisen. Dofir war ech ze wäit vum Villchen ewech.

Ah jo: Ech hun déng Remarque net queesch opgeholl, och wann dat elo hei sou kéint verstaane gin. Leider ass dat geschriwwent Wuert op Internet jo net mat Emotioune gelueden; op mannst kritt deen, deen et schreift net séng Emotiounen mat eriwwerbruecht, leider... Du hues nämléch Recht mat deem wat's du schreifs. Normalerweis pflegen ech d'Entwéckling vu ménge Fotoen jo och vil méi. Mais ech wollt hei eben net "fuddelen", andeems ech d'Fotoen am PS "op Héichglanz" trimmen, fir datt ee soll mengen, den Teleconverter wier besser wéi een Objektiv. closed_eye

Merci fir däi Kommentar.
gtaddei1 06.03.2010 - 18:21
Also, de Raw ass jo de Negativ... ann an der Donkelkammer gouf dann emmer gefuddelt? ... Ech wéés dass de Negativ dem Developpeur ginn gouf fir se ze entweckelen ewei den Fotograaf himm gesoot huet ze maachen. Daat hescht haut ass d'Donkelkammer eben de PS an daat ass nett gefuddelt no menger Méénung .
Dann miss één am Numérique eben direkt am JPEG fotografeieren an op alles oppassen lors de la prise de vue, och de Cadrage. Ech sinn domaden d'accord daat ganz no bei de Villchen no ze kommen ass de tout respect mé dann och de Villchen durch eng liicht rietsdreiung vum Kierper méi zur Geltung brengen.
Ech haat effectivement dein Kommnetar nett gelies, Pardon, mé ech widderhuelen ... de Photomarket, Liichtraum, Ouverture , oder soss esou één Logiciel wann en gudd gebraucht gett ass nett fuddelen mé entweckelen. Zefill ass och emmer zefill an eng zefill Perfekt foto ass esouwiesou nett méi Aktuell
Merci fir D'Pràzisiounen.

PS: Sinn nett roosen wannste mein Kommentar schief opgeholl hàss ... daat wier Dàin Problem gewiecht , mé daat waat ech schreiwen ass daat waat ech denken ... ech ieren mech méi oft ewei ech richtesch soen an dorausser leiren ech och...
Nicon07 06.03.2010 - 20:31
Fir datt mir eis eens sin: mat "fudeelen" hun ech NET entwéckele gemengt, (ech entwéckelen méng RAWen jo och all a ménger "Fassung ennicks" an dann exportéieren ech den tiff am 16bit an d'Fotogeschäft fir do nach wieder drun ze knetzelen... smile), mais domadder wollt ech soen, datt ech net ee Resultat vun der Foto hei weisen, wat net méi d'Performance vum Konverter eremspigelt, well all di Imperfectiounen an défauten, déi sou ee Konverter nun mol eben huet, rausretouchéiert goufen an een da kéint mengen, ee Konverter, suguer wann et dee ganz neien mat asphäresche Lënsen ass, géif een Objektiv ersetzen. Lo ass et awer esou, datt dese Konverter a Kobinatioun mat engem héichwärtegen Objektiv sou gud Resultater liwwert, datt een se entwéckele kann ouni datt een iwwerdreiwe muss, an deemno kritt ee ganz propper Resultater.


Iwwregens nach eppes: D'Foto vun der Märel ass effektiv platt, dat huet domadder ze din, datt keng Sonn gschingt huet, an deemon keng Schieder do waren, ech hun durch d'Kichefënster geknipst, déi net grad propper war (dréif), genuch Punkten, déi een hät missen nobehandelen. Awer dat wollt ech jo bewosst an dësem Fall net.

Sou! Lo si mir eis eenz!

Ech wënschen dir nach ee schéinen Sonndeg a freeë méch op weider Diskussioune mat dir.


gtaddei1 06.03.2010 - 22:25
Nu jé eppes hunn ech dann awer mussen gesinn ....
Mamm Rescht sinn esch matt dir d'accord... Ewei den Aalen Fuuss vum eisem Klupp séét et hàgt neischt vum Boitier oof mé vun denden Lensen ... Wann d'Lenns gudd ass dann ass d'Foto gudd... mé wann de Knippser se kenn gebrauchen ... an du kennst daat (note du redacteur) .
Scheine Sonndesch fir dech och
GT
Jeanny 06.03.2010 - 18:56
dei eiescht ass mei Fav. ganz flott Serie Nico
Nicon07 06.03.2010 - 20:34
Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 170 Gäscht online