Mol virop: di Foto gefällt mir gudd, sou gudd, datt ech nach eng 2. Méigléchkeet dra gesin, wéi een de Cadrage kéint änneren, an eng nei Interpretatioun dra leeen.
An zwar: quadratesche Cadrage (*lollollol", a besse mi no, sou datt eng Diagonal vu rechts no lénks entsteet vun de Leit, di aus der Foto gin erof op di Mini-Terrasse, an des zwee Points forts jeweils am gëllene Schnëtt lénks uewen a rechts ënnen. D geséich een d'enseigne "Pizza" nach besser, an deen ugeschniddenen Auto hätt och nach eng witzeg Funktioun an deem ganzen.
Ech mengen zwar, e bessen déng Viirléifte fir de "fotografesche Vide" ze kennen, an dach sin ech perséinléch der Meenung, datt hei e bessen zevill dervun am Vidergronn ass. Dofir méng 2. Recadragepropositioun: ee Panoramaschnëtt. Dobäi géif ech uëwe bei de Friisen ufänken, d'Iwwerliicht also ganz aus de Féiss loossen, an ënnen hannert der drëtter "Sail" schneiden. Da sin nach ëmmer di 2 Centres d'Intérêt am goldene Schnëtt, an awer as et dann e besse méi Street.
Hellou ... aha, wann ech mer dat elo hei esou bildlech virstellen kann (wat awer relativ gudd geet mat denger präziser Uleedung) dann tendéieren ech éischter (wann dann) zu denger éischter Méiglechkeet. Ech schneiden mer di Saach emol am PS zu Recht an kucken mer dat dann un.
Mee du hues Recht ... ech hänken un menger fräien Plaatzen
CHEERS
MUZ