d'Eva!
ech hun eng zäitrees gemach. d'eva huet mer ee lecker äppelkompott gemach, a mech e bessen duerch säi bongert gefouert! woar ee relaxen nomëtteg
jo, mee am paradäis get et kee wanter! nächt joer fuerene ch mat secherheet nachengkéier dohinner!
edit: d'blad as am original villméi giel wéi dat do. do hat ech keng aner mëttel, an ech ma léiwer een natiirlecht blad kënschtlech gréng, wéi ee kënschtlecht blad ze huelen
Ech sin begeschtert vun denger Foto, well t'Idee super as an se mech un eng aaner Foto erenenrt.
Leider hun ech e puer Problemer :
- t'qualiteit schengt net super, ech huelen awer un dat et un der 800pxl versioun leit an t'Original besser as.
- vun der Pose hier fannen ech dat duerch den bedeckten Uewerkierper an dei gekreizten Ärm, t'Model net favorable ausgesait.
- t'Lucht fannen ech e bessen Hart.
Soit, flott Emsetzung an gut Idee, du hues bestemmt och eng Versioun mam Fokus um Apel ???
Kuck mol des hei .
ma dat as schéin dass se der gefällt. hätt ch se extra fir dech gemach, dann hätt ech och den uewerkierper méi favorabel gemach
sou wéi d'foto a méngem kapp woar -gaaaanz anecht- hun ech se iergendwéi net hikrit. d'pose wier dann net symetresch an net esou "direkt". mee bon, krut et net gebak
fannen ech och eng ganz gutt Idee an d'Eve/Leslie souwisou
fir mech kennt ët just komesch eriwer well et ausgesait wéi wann hatt keng Ärm hätt oder just Deeler vun Ärm ...
nët dass esou Fotoen mech stéieren, mee ët ass well ech wees, dass daat net säin Fall ass (also d'Leslie) ... an dann kritt mäin Gehier sech nët ungepasst
un d'Aan kréien ech mech och nët gewinnt, mee daat soll dech nët stéieren
dann, den Nuebel, jo och komesch, mee deng Erklärung ass logesch !
nach een "Detail": sin et am Paradäis och Drauwenrebenblieder gin? oder awer just Äpelbeemblieder (mee déi sin méi kleng ...)? mee bon, ween wees ët?
an dann: tjo, ech warden dann emol (ouni vill Gedold) op den Adam
drauweblieder gouf et ganz bestëmmt. mee JUST äpelblieder kann net sin. éischtens gouf et sämtlech planzen an déieren (et as keng flächegréisst ugin, dofir as dat gudd méiglech), mee et woar och keen apel dee verbuede woar ze iessen. dat heescht et kéint ee sin, mee an der bibel steet "eng Fruucht", also dat hätt och kënnen eng ananas sin, oder suguer eng fruucht déi mär net kennen.
souvill zum drëschenen deel oder zum fruchtegen
mat déngen äerm gin ech der zwar voll recht. ech hun och näischt zu ménger verteidegun ze soen
an wien seet dass iwerhaapt een Blaat do war wou en ass?
an wann, wéi hätt daat Blaat dann gehaalen? Uhu ass et nach net gin, an Zahnseide och net fir d'Blaat als Stri*g unzehaalen
et gouf hunneg
boff, ech weess et net. mee den adam hat och keen nuebel. mee dee stellen ech mer ganz anecht vir wéis du der dat denks ganz anecht wéis de der et wënschs
well en nuebel vun enger nuebelschnouer kënnt. déi mer während eiser eegener schwangerschaft brauche fir ze buffen!
vu dass weder den adam nach d'eva gebuer gi sin, hun sie also och keng nuebelschnouer gehat. also haten sie ee bauch ouni nuebel.