Dat hei as déi éischt Foto aus dénger rezenter Série wou ech d'Gefill hun dass d'Verarbeschtung bei d'Foto passt an net nëmmen do as fir do ze sin. Firun allem d'Gras as der gudd gelongen, do sin schéin Faarwen dran, ouni dass se iwwersaturéiert wieren. Och en interessant Beispill dofir, dass et net ëmmer muss den gëllenen Schnatt sin. Just un den Bamkrounen muss de weider schaffen. Dovun ofgesin, ganz gudd Aarbescht.
Merci gloda ech wees dat et emt d'Baamkroune wait vu gudd ewech ass... ech sin e bessi verzweifelt waat daat ugeet well ech et net besser hikreien ... aawer ech waert weider probeieren )
einfach schéin!
flott wéi d'Fruucht um Feld den Hallefbou rondrëm den Zonk bis an d'Mëtt vum Bild mécht; super dee Baam, ofgegrenzt vun demselwéchten Zonk
huet eppes dramatësches... mir gefällt's!
wann et wi gemolt as , kann's de keng Beem molen
Fruucht gesin ech och keng.................en Zonk rondrem de Bam gesin ech keen...
dest Bild giff mir eigentlech gut gefalen, wann de Baam net drop wier, en as ze steif, ze duerchlächert, onwierklech.