J_K_Vandeley
Grünschnabel
Dabei seit: 09.01.2008
Beiträge: 2
|
|
Weini as eng Foto nach eng Foto |
|
Als eicht emol, en Bonjour un all d´Memberen hei.
Dest as wirklech eng vlott Säit mat villen super Biller.
Ech selwer besetzen keen Apparat. Ech kinnt mer zwar sou eng Rabbelkescht vun 100 Euro leeschten, mee denken mer, dass een dofir wuel net eppes allzeguddes fennt. Oder?
Mee ech hun e puer aaner Fotoen (dei ech selwer gemaach hun, mat engem Kolleg sengem Apparat), an dei hun ech esou verännert, dass een dei eigentlech Saach net mei erkennt.
Hun virun allem probeiert mat Filteren, an s/w ze konverteieren an mam Kontrast d´Saach esou ze veränneren, dass elo eppes ganz aanecht dobäi eraus komm as.
Die meecht sin awer net wirklech eppes gin!
Mee kann een dat na als eng Foto bezeechnen?
|
|
09.01.2008 20:25 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Daat ass eng gutt Fro ... Hängt emmer dofun oof waat ee gemaach huet
An weivill vun dem waat schlussendlech wichteg ass, net sou war um Ufank ...
An fir 100€ kriss de wirklech leider net immens vill :/
__________________ 404 - Not found
|
|
09.01.2008 20:33 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
also ech denken et gett hei keng grenz..
well et gett jo schon emol leit déi et schon uevill fannen stéierend sachen iergendwou ewech ze stempelen. dat as vir verschidde leit schon "keng foto méi" et gett also entweder KENG, oder eng IMMENS BREED grenz teschent FOTO an "KONSCHT-DINGSBUMS"
ech sin grondsätzlech dovir
__________________
|
|
09.01.2008 21:15 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
dach et get eng GRENZ an daat as Person selwer!!
|
|
09.01.2008 21:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
ech geif soen et fängt u richteg kritesch ze gi wanns de saachen an d'Foto bäisetz
__________________ 404 - Not found
|
|
09.01.2008 21:31 |
|
|
CANON
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 145
Herkunft: Rëmeleng
|
|
An ech ging och nach dobei soen , wans de nett wees wou Foto uwen an ennen ass .....also no allen Richtungen neischt erkennen kans....
__________________
Deen e Schreif Feeler Frënd kann e behalen
|
|
10.01.2008 00:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
|
10.01.2008 00:36 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
loool gudd gekontert Johny!;p ;p
hmm as eng kniwlech diskussioun daat dooten...giff son dass een amfong daat nemmen FIR SECH kann dessideiren an nik iergendswelch generel saachen festhaalen...
fir mech as een Kolage oder eng onscharf verwöschten Meschung fun faarwen (waat een als abstrakt kiint bezeeschnen mee wou uewen an ennen ebn o bessi verluer gungen...^^) KENG foto mei mee eischter en -digital artwork- epps wou een mam Kompiuter geschaft huet fir et sou ze kreien...
wees awa o dass den begreff -dru geschaft- deeeeehnbar as...retouschen an alles waat een sou (wann o nik su perfekt wi mam PS) op da Hand an zu senger Zait hett kiinte hinkreien fannen ech ok....
eng GUDD foto mecht awa aus dass NAISCHT dru gemeet guff mee den FOTOGRAF wosst WAAT en weilt an WEI en sech dofier misst uleen!
wann en also den WB FIRDRUN agestallt huet an doduerch en (son ma mol) STIL-istöchen Faarwstach an sain Bild kruut as daat 100mol mei wärt wei henno mat Filteren und Co alles um PC ze -verschaffe-
meng meenung: bei zounehmender Zait dei een damat am PS verbruet huet get aus enger Foto en digitalt Konschtwierk....
intressant fro awa...
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
10.01.2008 14:25 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
*ggg*
aha ... interessant Approchen an Theorien
...
kleng Geigefro awer lo bis datt ech mech gerappt kreie fier och eppes dozou ze soen:
waat as dann iwwerhaapt eng Foto? Well ouni daat ze defineieren gleewen ech kaum datt der decideiere kennt waat keng mei as
cya later maybe ^^
|
|
12.01.2008 13:06 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
@garry: Genau déi Fro hun ech mir och schon gestallt wou ech déi leschten Kéier hei eng Äntwert posten wollt, an do hun ech et léiwer sin geloos. Eng Foto ass jo eigentlech een konzeptuellen Begreff, deen wéi all konzeptuellen Begreff sech mat der Zeit an mat der Gesellschaft verännert (virun allem an eiser Gesellschaft). Ech gesin schon dass verschidden Fotoen vun äeleren Leit eng schlecht Kritik kréien, déi bei méi Jonken leit een "wow" ausléisen. An deen "wow" vun deenen Jonken Leit vun haut ass jo d'Definitoun vun der Fotographie vun der Zukunft. Et huet jo keen Wert dass d'Virstellungen sech änneren, an d'Fotographie bei aalen Konzepter stoen bleiwt fir dann just nach vun enger Minoritéiet gudd geheescht ze gin. Schlechthin heescht Fotographie jo "Molen mat Liicht", an daat alleng ass et awer schon lang net méi emmer.
Sou haat den Jazz och d'Definitoun vun der Musik verännert, an haut gief awer keen sech erlaaben ze behaapten, Jazz wier keng Musik.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 13.01.2008 09:06.
|
|
13.01.2008 08:50 |
|
|
J_K_Vandeley
Grünschnabel
Dabei seit: 09.01.2008
Beiträge: 2
Themenstarter
|
|
Wann et z.B. esou eng Foto wär:
An ech nennen et "Familjenfoto"
ech hun zuguer e bessen Zäit gebraucht fir dat esou ze kreien, och wann et schweier ze gleewen as.
|
|
21.01.2008 22:44 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
@Vandeley: hehe
@shantideva: genau.. dofier hun ech mech och gefreht datts du am Fong fier mech geantwert has a scho baal alles gesoht hues waat ech ett soe wollt
kuerz just zu dengem statement 'mat Luucht moolen': ech denke mer do daat hei zB: en Ecran strahlt Luucht aus, am Photoshop hu mer Tools mat deene mer d'Luucht veraennere kennen, aaner Fotoen dei aus Luuchtimpulser bestinn kenne mer dobai setzen a Filteren drop klaaken dei d Faarw vun der Luucht aenneren etc etc ... as daat net och mat der Luucht moolen ? Also wann ech mai wacom-pen am Grapp hun hun ech eischter d Gefill ech geng moole wei wann ech Blend astellen an op e Knaeppchen drecken krass gesoht
Dei Diskussioun geing eischter an den technesche Beraich vun der Diskussioun faalen, wei eng Foto gemaach get fier datt se nach eng as.. (euuuhmh.. dee Saaz as lousch
)
De post vum Vandeley geht eischter a Richtung: menschlesch Approche, Philosophie, Konscht, Grenz vum Abstrakten, affaire de gout etc ... Diskussiounen dei jo sws nie e richtegt Enn kreien am Fong... an am Fong drems gi waat ob der Foto as, an net wei se gemaach gin as...
An da kennt hei dobai an do dobai an d'get een einfach nie schlau draus ...
Also kommen ech perseinlech emmer rem op dei einfach Schlussfolgerung datt eng Foto sou laang eng Foto as wei se fier deejeinegen deen se mecht och nach eng Foto as an hien se och nach als Foto empfennt, egal waat en dru geannert huet. Mat daer einfacher 'Ausried' kann ech naehmlech am Fong och ganz gut liewen ... haha
Mee die lescht a fier mech wichtegst Fro as awer ob alle Fall: musse mer daat da wesse fier datt, egal wei mer ett maachen, mer Spaass drun hun a mus een eng Foto emmer katalogiseiere fier datt se eppes duerstellt? ...
...
allez.. vill Spaas
edit: merde.. de Kwitchi soht ett an 1 eenzege Saaz... muahahahaha ...Kussi
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Garry am 02.02.2008 19:20.
|
|
02.02.2008 19:14 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
A firwat net einfach soen: eng Foto as eng Foto, wann se mat engem Fotoapparat gemaach gin as. Well wat duerno nach alles manipuléiert ka gin (fréier war dat och esou, maache mir eis näischt viir), dat spillt da keng Roll méi.
Mais dat as natiirléch elo net di ultimativ richteg Aentwert, dat weess ech. Well mat méngem Saatz gin d'Diskussiounen jo neess vu viir un.
Schéi Gréiss,
Nico
|
|
02.02.2008 21:59 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
Hmmmmm.... éierlech gesot: ech liesen, an liesen, an liesen... an fannen einfach den Zweck vun der ganzer Diskussioun net eraus...
...
Ech fannen et kann een et entweder locker kucken an Spaass domat hun, an am Endeffekt ass et emmer nach eng Foto oder et stecht een et an eng "kleng enk léif Struktur" (
) an et denkt een sulaang driwer noo bis een et doudkatalogiseiert huet... fir dann waat ze hun??? Keng Ahnung!
WANN iergendeen geint PS ass, ok, gudd - mee dofir heescht daat net dass Fotoen vun aaneren wu mat PS schaffen keng Fotoen mi sin... fannen ech
@Garry: du hues dem Kwitchibo sain statement aawer schein mat Wieder dekoreiert
@Nicon07: great
have fun beim philosopheiren
(*popcorn a cola sichen geet*)
|
|
03.02.2008 00:29 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
|
03.02.2008 11:37 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
Just fir kloer ze stellen: ech fannen d'Diskussioun scho cool an net sennLOS; ech hun just nach keen richtegen Senn dran font
... Kloer as et intressant driwer nozedenken.
Ech sin just frouh driwer dass een an desem Fall all di verschidden Usiichten kann hun an nach keen op d'Iddee komm ass (oder opmanst sech nach net duerchgesaat huet
) och DAT iergendwei ze standardiséieren (gett et daat Wuert??? :S)...
...ech geng et soss langweilech fannen wann jidereen iergendwellech Normen misst anhalen, well grad all di verschidden Styler daat gailt un der Saach sin...
Ok? Mei kloer?
@Garry: eng sennLOS Diskussioun wier mer net intressant genuch fir Popcorn an Cola, muaahaaahaa
...
|
|
03.02.2008 22:52 |
|
|
|