Jean-Jos unregistriert
|
|
Ech wollt jhust mol informéieren, datt, wann dir eventuell Reparaturen un CANON-Fotoapparater, Objektiver an Zubehör ze machen hutt, dir dat selwer an d'Hand kënnt huelen an dat beschiedegt Stéck mat engem Bréif kënnt un:
Canon Deutschland GmbH
RCC Germany-CCI Service
Siemensring 90-92
D-47877 Willich
Telefon: +49 1805006022
Fax: +49 2154 495 649
http://www.canon.de
schécken. Ech hun elo 2 mol schons eng super Erfahrung domadder gemacht, fir d'läscht, déi läscht Woch.
Story: zu Wien huet op emol mäin 17-85 mm gestreikt: am Display huet mäi boîtier 'error99' ugewisen.
Heihem hun ech den 08/09/2009 d'Objektiv mat engem kuerze Bréif per Post (Q-Pack benotzen, do ass eng Versécherung drop a kascht jhust 12,15 EUR) un de genannten Canon Service Center geschéckt. Am Bréif erkläre wat lass ass an Instruktiounen gin, z.B. ob fir d'éischt en Devis soll gemacht gin, oder datt dir mat engerReparatur bis xxx EUR maximal d'accord sidd...).
Den 10/09/2009 hun ech en Email kritt, datt d'Objektiv ukomm ass.
Den 14/09/2009 un ech en Email kritt, datt d'Objektiv gefléckt ass a wivill d'Reparatur kascht an datt se mat UPS u mech ënnerwee ass.
Den 15/09/2009 hat ech d'Objektiv doheem, et huet nees fonktionnéiert an et loung eng détailléiert Rechnung bei (déi een dem Transporteur bezuele muss).
Vläicht sin dës Infos iergend engem emol nëtzlech.
|
|
16.09.2009 20:24 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Aus ménger Erfahrung as et och ganz nëtzlech hinnen genau Schrëtt fir Schrëtt ze soen wéi een de Problem kann nomaachen / reproduzéieren wann et eppes méi komplizéiertes as.
__________________ www.gloda.net
|
|
16.09.2009 21:16 |
|
|
Knipser
Jungspund
Dabei seit: 11.07.2006
Beiträge: 17
|
|
Dat do as emol eng Information déi mech berouegt, ech hun den Service Gott sei dank nach net gebraucht, sinn awer froue ze wessen dass dat esou gudd klappt.
|
|
16.09.2009 23:00 |
|
|
g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
|
|
Merci fir dei Adresse.
Daat schengt jo ze klappen... net esou wei an .de wou ech bei Fotomärz mein 50D Body agescheckt haat, nodeems ech matt hinnen gemailed haat, mee se mer dun, wei de Pack bei hinnen ukomm as, gesoot hun se geifen keng Päck aus .lu unhuelen. Zu allem Iwerfloss as de Pack dun och nach während e puer Meint verschollen gewiercht.
|
|
17.09.2009 09:35 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
@Jean-Jos: schengt joh zimlech reibungslos gelaaf ze sin!as eischter dAusnahm ze heiren dass eppes sou seier an mat soumann Pannen geet!
giff mech intresseiren waat dain 17-85 haat an weifill dReparatur kascht hott...hun neemlech ona soueent hai laien waat en Kabelbroch bannendran huet (wou also dBlend nik mei funktionneiert an den Err99 och optaucht)
(ech hun mengt aus Käschtengrenn duerch een nait ersaat...waat dann nees 4Joer dierf haalen...zimlech kuerzen Verfallsdatum fir soueen Geschier iwregends.......)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
17.09.2009 18:49 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
Mäin Objektiv huet och bal 4 Joer, ech hun et awer derwäert fonnt et flécken ze loossen.
E " power diaphragm ass'y" ass ersaat gin, d'Aarbéchten goufen mat "Austausch Blende" beschriwwen.
Käschtepunkt 8,77 EUR Material + 81,00 EUR Arbécht + 10,70 EUR versand = 119 EUR TVA comprise: wann et also elo nees 4 Joer hällt, ass et eng gutt Investitioun
http://www.f20c.com/stuff/canon/partslis...02.8L%20USM.pdf
|
|
17.09.2009 20:33 |
|
|
|