|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Ouni lo op d'Quinteszenz vun desem Threat zréckzekommen, déi ass distilléiert an dowéisnt ausdiskutéiert. Mais dem Nagarjuna séng Remarque, déi ech ënnerschreiwen, huet a ménge Gedanken ee Querverweis ausgeléist: Ass net d'Fotografie do, wou mir se haut gesin a fannen mat deenen Egoen asw... net di logesch Konsequenz vun der digitaler Fotografie mat all hire Méigléchkeeten, déi et eis alleguerten erlaabt, 1. onendléch vill ze knipsen (farwéch 01 Bitfolge si bëllech a séier op eng Kaard geschriwen); 2. dat Geknips och nach ze manipuléieren (EBV, HDR, DRI, PSE a wéi déi magesch Helferlein nach all heeschen) an dowéinst eis dann (virwat net och vun Zäit zu Zäit zu recht mat Houfer) allegeruten zu Künstler mutéiere léisst, déi mir sou net wieren, wa mir nach missten 36-Biller-Filmer beliichten a fir deier Suen op Pabeier maache loossen an engem Minilab (oder fir déi, déi et kënnen selwer an enger Dunkelkammer beliichten)
Bis dann, Nico
|
|
06.10.2011 18:43 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
wann ech lo wéint provozéiren, dann géif ech soen, du brauchs méi moderatoren ;-)
jo. d'äntwert ass jo logësch, an hu mer dat och sou geduet, me mir sin awer d'accord dass et schued ass dass aus denen grënn gutt leit och ofwanderen. dofir soen ech et ëmmer rëm, ass jo nët fir d'1. dass mer eis mam sujet hun ;-)
|
|
06.10.2011 13:53 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
A wann ech dir wéilt äntweren op deng Provokatiounen, bräichs du méi Nerven
(an wir net méi optimal fir et ëffentlech ze schreiwen)
Jo mir sinn eis do eens, mä dat ass halt d' Weiderentwécklung vun der Zäit, an dësem Fall bezunn op d'Leit déi involvéiert sinn.
Näischt ass fir d'Eiwechkeet
__________________ 404 - Not found
|
|
06.10.2011 14:07 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
dach ech denken schon, déi meeschten saachen gin jo och nët méi op pabeier gemeet, dorunner stoussen ech mëch och, well et ass einfach nëmmen genial eng schéin foto op pabeier ze kucken, an sou sin och d'workflowen. ech denken den digitalen fotograf den print steet dem analogen an naischt no, well se béid mussen soignéiert schaffen, ech maan iwregens ëmmer méi matt film an mierken dass prinzipiell meng ganz approche sëch ännert och am digitalen beraich. ech ënnerschreiwen 100% wat's de hei sees.
eppes aaneschters ass mer opgefall, dass vill leit matt den digicams drop lass balleren wéi am wilden westen an sëch soen, eng ass schon dobai, me leider ass meeschtens trotzdem keng dobai. et hëlleft alles naischt, et muss een sëch konzentréiren an dan ass et meeschtens matt 3 biller gedoen. me soit, jiddereen muss d'erfahrung selwer maan soss bleift et theorie
|
|
06.10.2011 19:42 |
|
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Genau sou! Iwwregens printen ech och vil vu ménge Fotoen heiheem mat méngem Epson 3800 op deiere Pabeier, do iwwerleeën ech och laang, wéi ech de Workflow ugin a wéi ee Resultat ech fir den Outprint wëll hun. Dat drop lass balleren ass mir och schon opgefall, mais net nëmmen dat... Och Telezoomer a Kombinatioun mat héichopléisende Sensoren a Rauschënnerdréckung verleede munech Leit derzou, aus der Distanz "Noopnaamen" ze maachen. Et ass dach sou einfach, aus enger Foto, déi bal 4000 Pixel breed ass, een Ausschnët zu 800 px als ee Schoss vu matzendran ze verkaafen...
Sou, mais dat huet awer elo näischt mi mam eigentléche Sujet hei ze din, an dofir haalen ech och mat dëse Gedanken hei op.
Bis dann, Nico
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nicon07 am 06.10.2011 19:59.
|
|
06.10.2011 19:58 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
na ja, mir sin nach no um sujet, freet mëch awer ze wëssen dass ech nët den eenzegen sin den sou maniac ass ;-)
vive d'festbrennwaiten etc
|
|
06.10.2011 20:07 |
|
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
Themenstarter
|
|
interessant ze liesen Aer Zeilen....
Wann ech na eppes zou fuegen derf, sin och keen Frend vun drop lass "balleren". Der Biller fannen ech perseinlech, gesin ech da gench alldaag hei.
Mee bon....
|
|
06.10.2011 20:31 |
|
|
crici
Grünschnabel
Dabei seit: 18.11.2006
Beiträge: 5
|
|
Also ech eierlech gesoot kuken net op den Auteur bei der Wochenfoto, ech huelen wirklech dei dei mir am beschten gefällt, och wann et heiansdo schweier ass sech techt 2-3 ze entscheeden, mee dann iwwerleenen ech einfach soulaang bis ech mech fir eng entscheeden...
sou maachen ech daat
|
|
10.10.2011 19:40 |
|
|
|
|
|