Gaga unregistriert
|
|
Salut allegur,
Ech hoffen ech sin an der richteger Kategorie, dei hei klengt emmer sou no Gemeckers !
Ech wollt emol froen/proposeieren, ob een net soltl en Concours machen wou als Sujet den nà chsten Banner vum Site gewiellt get ?
Den aktuellen as jo schon zimlech aal, an eierlech gesoot, fannen ech dat en och net onbedenkt fier E Letzebuerger Photos-site steht. (Een Krabbenkutter am Mier ??? mier hun weder Mier, nach Krabben, nach gut Wierder hahaha)
As einfach esou eng Idee an et geiff och nach als belounung fier de Gewenner kommen dat seng Foto all Daag op der eichter Seit ze gesin as fier dei nächt X Joer
(keintn een jo mei oft machen, oder 1x am Joer) Et as jo och eng Kategorie do fier PG-Banner, mais ech mengen do leeft net fill.
Bon, as eng Idee, villeicht fennt jo nach een se gut, oder filleicht souguer mei Leit an et keintn een et machen ? T'Thema keinnt jo sou t'Stechwierder : "Photo" "Community" "Lxembourg" sin ?
Natierlech mussen dann t'Proportiounen vun der Foto festgehaal gin: 691px × 86px
Waat denkt der ?
|
|
12.07.2012 09:03 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Wier effektiv villäicht interessant vir ze kucken wat derbäi raus kënnt.
Woubäi ech awer muss soen dat mer dat blot relativ gutt gefält bei dem groen Rescht vum Site.
(damn it! firwat erwëschen ech ëmmer den 'neien Thread'-Button wann ech well Äntwerten??? XD)
__________________ Anti-Signature
|
|
12.07.2012 17:02 |
|
|
Mika
Doppel-As
Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143
|
|
Jo, et sprëcht amfong näischt dergéint?
|
|
12.07.2012 17:42 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
oh merd, iwerliesen geng heiernsdo och net schueden, weivill tipfehler sin an mengem post ????
Haaptsach aaneren leit www.spellchecker.lu proposeieren ... mais weinstens as et phonetesch richteg lol
|
|
12.07.2012 17:50 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
D'Iddi gefaellt mier ganz gudd.
Den naechste Concours ass zwar scho geplangt an sollt lo eng Keier annonceiert gin, mais jo kloer, super Iddi.
|
|
12.07.2012 18:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech géif ofroden dat ze maachen
de Bambi huet et amfong scho gesot: d'Blo passt perfekt bei de Recht, an dofir kënne mer schlecht eng ganz aner Zort vu Faarw elo rabréngen. Natierlech kéint een als Konditioun ginn dass genee déi blo (+-) vill muss mat an der Foto sinn, mä ob een dann nach vill Fotoen rageschéckt kritt ... ? an wann keng herno passt, si mer dann awer gezwongen eng ze huelen dovun?
__________________ 404 - Not found
|
|
13.07.2012 09:14 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Dat mam passen ass effektiv en Problem.
Eis Fachschaft op der Uni huet dëst Semester en neit Logo gesicht an dat ganzt och als Concours gestalt. Si hunn en einfach op gelooss bis puer gudder dobannen waren, an dunn réischt ofstëmmen gelooss... Sou als kleng Inspiratioun.
__________________ Anti-Signature
|
|
13.07.2012 11:09 |
|
|
|