Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Tunnelbléck

All Fotoen an dëser Serie:
48133 Thumbnail
48134 Thumbnail
48135 Thumbnail
48136 Thumbnail
48137 Thumbnail
Tunnelbléck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.05.2023
  • Gekuckt:
    9375
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    2023
  • Fotoapparat:
    Leica M10 Monochrom
  • Objektiv:
    Leica Summaron 28mm f/5.6
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92606]
Kommentar vum Fotograf:
Gare Centrale Lëtzebuerg
tormi 25.05.2023 - 06:35
Exzellent Serie wou dei lescht mein Favorit ass, Grotéin, hell-donkel, Linnen, einfach Klasse gemaacht
gemu 25.05.2023 - 08:22
Merci Tom fir deng appréciatioun an däin avis, effektiv ech hun e puer Favoriten fir d'Titelfoto, dorënner och di lescht a sin nach net richteg eens
tormi 28.05.2023 - 12:53
D'Nummer 5 ass meng WF, bon, et get mei wichteges op dër Welt weid'WF, awer ech verstinn net fierwaat keng vun dengen and'Auswahl koum
Nicon07 28.05.2023 - 17:04
Dann häss du se misse fir d'WF virschloen! closed_eye

Souwisou: ee perséinleche Favorit vun engem Photogen-Frënn ass méi wärt, wéi d'WF, oder?
tormi 28.05.2023 - 17:50
Ah, kann ech daat?
Nicon07 28.05.2023 - 21:12
Vun deem Moment u, wou een ee Kommentar schreift, kënnt lénks ënnert der Foto een Onglet bäi "An d'Wochefoto" oder sou änléch. Ausser de Fotograf huet beim Roplueden déi Funktioun refuséiert. closed_eye
tormi 28.05.2023 - 22:37
Ah, ok daat war mier nach net opgefall ...
gemu 28.05.2023 - 22:52
Sonndes wann d'Wochstëmmung leeft kanns du awer keng Foto selectionnéieren, dann ass de link "An d'Wochefoto" net visibel
Paul-H 29.05.2023 - 15:22
Bon, bei enger Serie kanns de awer nemmen déi ganz Serie an d'Wochenofstemmung wielen. Wann dir awer nemmen eng gefällt (bei mir als Symetriefanatiker wir et d'Titelfoto gewiescht) dann gett et schwiereg.
Nicon07 29.05.2023 - 16:34
Bei enger Serie huelen ech meeschtens och just d'Titelfoto, also nët onbedingt di éischt aus der Serie, mais déi, di grouss op der Startsäit ugewise gëtt. A wann déi méch nit iwwerzeecht, da wielen ech se nit, och wann eng aaner aus der Serie duerchaus Potential wir d'WF hätt.
gemu 28.05.2023 - 22:55
Genee esou ass et, d'WF ass jo am Fong geduecht fir d'Memberen ze motivéieren qualititativ héijwäerteg Fotoen ze weisen
tormi 28.05.2023 - 12:54
...
Nicon07 25.05.2023 - 08:22
Onverkennbar ee "gemu". Den Tom huet et resuméiert an op de Punkt bruecht. Par conter, mir gefällt di 3. am beschten. Déi "Marquise" virun der Gare huet fir méch, architektonesch gesin, awer nach e puer Pluspunkte méi, wéi déi geschwonge Konstruktioun op de Quaien.
gemu 25.05.2023 - 08:29
Merci Nico, jo déei Marquise wéis du se esou treffend beschreiws ass wirklech en highlight zesumme mat den aale Gebäilechkeeten verschmolt
theom 25.05.2023 - 18:05
Top Sw Fotoen, #4 ass main Favorit.
gemu 25.05.2023 - 23:10
Merci villmools, och fir däin avis
Zora 29.05.2023 - 18:15
Top Serie, mee wem soen ech daat smile
gemu 30.05.2023 - 09:39
Merci Zora, besonnesch och fir de fav, deng appréciatioun freet mech
marker 26.06.2023 - 17:47
Allméiglech Formen mat kloeren a präzise Linnen, eng intressant Serie mat exzellente Growärter hei presentéiert. Chapeau Georges!
gemu 28.06.2023 - 10:52
Merci Marc fir deng schéin appréciatioun a besonnesch och fir de fav

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 286 Gäscht online