Raschteg a roud sin dem Héichuewe säi Brout.
Um Fouss vum Eisenuewe stounge fréier Feierstepler, An haut handlen se am Gebai ganz a Roud mat den Ierwe vun de Feierstepler. Sou huet een an dëser Foto ganz genëschelt ee Stéck vun eiser Economie-Geschicht verstoppt.
Sou huet 1856 eisem Land säin Opschwong ugefaang, an haut sin hei am "Schéinen Dall" bei d'Zeie vun der Quell... Lo halen ech op, dat gëtt soss der Symbolik zevill...
Dat ass bal Poesie Nico, Interpretatiounen vum Fäinsten. Ganz 'genëschelt' an originell verbënns du den Héichuewen mat dem Bankgebäi. En décke Merci dofir, dat mécht Freed!
Merci villmols marker, ee Gléck, datt een heiandsdo op séngen Diske raume muss an da Biller fënnt, déi ee vergiess hat ze bearbéchten. A Merci fir de Favorit!