Hei och eng vun mir vun der wonnerschéiner Isola Bella um Lago Maggiore
Ech hun elo am Photoshop probéiert déi perspektivesch Korrektur ze maachen. Wéi ass et dann elo ?
....just ech verstinn lo nik ganz wisou se nik an dei selwecht Richtung kippen Isola Madre (Lago Maggiore)
Déi eenzig Erklärung, nemmen wann den Weier no lenks AN no riets kippt bleift an der Mett genuch Waasser dran dass een och eng Foto dovun kann maachen.
Oder anecht: siehe Marischen sain Kommentar bei där anerer.
Dir lued allebéid Fotoen vum Lago Maggiore erop, an se kippen allebéid.
D'Marischen schreift dass se kippt, an ech stellen mer serieux Froen op et net vlait um Motiv lait - kann jo nik sinn dass alles vum Lago Maggiore SCHIEF ass?
den Séi ass eng Waasserfläch an get domat den LOGESCHEN Horizont vir (waasser KANN net aus der Setzwo sinn, egal wéi d'Perspektiv ass...)
Du hues dech hei un enger Zillenmauer orientéiert, an dain Waasser leeft riets aus dem Bild eraus.... (emgedréint wier richteg, keng Angscht, Zillen haalen bessi Neigung aus...)
(Hat bessi gedauert bis ech verstaanen hunn wats du gemengt hues.)
OK, ech hun elo probéiert se un der Waaserlinn auszeriichten, mais dann leeft d'Mauer no riets uewen, daat geseit och net gutt aus.
Ech wees net wéi ech deen "Problem" dann léisen kéint...
datt dMauer dann "kromm" verleeft ass normal, dat nennt sech perspektiv (kuasi all Mauer déis de am Alldag gesais leeft "schief" = vun dir wekk, ausser du giffs ganzriicht exakt virdrun stoen (wat net sou oft den Fall ass...) --- folgleg muss de PERSPEKTIVE KORREKTIOUN benotzen, dei verzitt Linnen par rapport zu eneen an léisst domat den Problem. Photoshop huet soueppes zBsp agebaut.