Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

sorry

 
sorry
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (01.12.2009). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.12.2009
  • Gekuckt:
    64089
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    0.625
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1.33333333333 EV
  • Gréisst:
    2000x400
  • Späicherplaz:
    350 KB
  • Originaldatum:
    29. November 2009
  • Fotoapparat:
    Nikon D300
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikkor AF-S 17-55 f/2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=41096]
Kommentar vum Fotograf:
Ech weigeren mech alt emmer d'Philharmonie ze knipsen, well daat souwisou jidereen mecht, mee ech hun, mengen Prinzipien zum trotz, dann elo awer eng Photo dervun, well et unsech eppes extraes ass!

Des Photo ass en 360° Panorama aus 32 Photoen, géng mech iwwer Kritik freeën!

(Fiir déi di et net sollten wessen et ass an där gliesener Këscht fiirun der Phila ;) )
Metalbambi 01.12.2009 - 17:25
Freck, ass mer mol nach nie obgefall daat do 'sorry' drob steet...
Waat ass den Senn dovunner?

Foto ass cool, hun awer och e bessen drun ze meckeren:
- ech haet se mei hell gemaach, dan geif direkt mei Liewen drakommen
- riets deen laeschten Wutz, wou nees Himmel drob ass weschschneiden
- evtl. dan nach eng liicht Teinung dranmaachen,. mee daat ass adg

Ass net sou haert obzehuelen wei et klengt, d'Foto gefaellt mer eigentlech zimmlech gudd! XD
deBaemm 01.12.2009 - 17:47
Ma mir war et och net opgefall daat ass daat intressant un der Saach. Ech haat am unfank einfach den Gedanken en 360° Pano do ze maachen an dun haat ech en halwen O rrys an rem en halwen O an dunn hun ech se sou zesummen gewürfelt mat warp/distort an gemasked dass et rem SORRY gin ass. Ech hun mer unsech geduecht dass daat nach net villen Leit opgefall war dofiir hun ech se ropgelueden smile

Haard huelen ech deng Kritik bestemmt net, mee éierlech closed_eye Iegentwéi haat ech se mat méi Téinung resp. Kontast am unfank mee ech hun fonnt, dass méi Liewen bei enger "Entschellegung" unsech fehl wier.

Merci op allefall fiir däin comment closed_eye
tennes 01.12.2009 - 17:43
du gess jo na en richtegen profi wann et ferdeg as...closed_eye
gefaellt ma richteg gudd dei foto...as wieklech mol eps anecht wei dei typeg fotoen...gudd gesinsmile
deBaemm 01.12.2009 - 17:47
thx tania smile
xaph32 01.12.2009 - 19:11
ech fannen dass dat hei eng saugutt iddi ass, wéi ech laang keng méi gesin hun, souwait ech gesin ass den pano uerdentlëch gestitcht, déi diskussioun vun der "iwwerknipsten phila oder soss sujeten" nervt, well et ëmmer rëm leit gin déi eppes aanescht maan, an dat ass et wat ech wëll gesin, fotoen wéi déi hei closed_eye
den technëschen volet, jo kinnt een vlait nach e bëssi... me bon et war eben ke schéint wieder wéi et ausgesait closed_eye
deBaemm 01.12.2009 - 19:47
daat héiert een gär, an jo et war wiirklech en sauwieder tongueech soen der op allenfall merci fiir den comment, ech sin emmer frou wann ech mol eng keier eng vue entdecken, déi nach keen haat, waat hei um site emmer méi schwéier gett closed_eye mee ween wees vläicht steet den sorry jo fiir daat schlecht wieder zu Lëtzebuerg closed_eye
OK-Photography 01.12.2009 - 20:36
woha!!hun schons puermol geklänscht mee op war daat Dengens do na nie...... bigsmile
njah dIddi huesde op allefall schenial emgesaat, dass do iwerhaapt eppes dropsteet wier ma nie am Liewen opgefall!cool

mengn den Bambi schreift hai alles waat ech o soen giff, een Punkt mei hell an se wier secher na een Strich mei besser! ;)

wierklech eng super Foto!! smile
deBaemm 01.12.2009 - 20:42
thx dude closed_eye
deBaemm 01.12.2009 - 21:41
hmmm amfong hun ech d foto geännert, an nei eropgelueden mee anscheinend ass do ee problem, dass se net ungewisen gett mee nemmen di aal, how come? :/

Hei dann d'Foto fiir déi, déi se wellen gesin closed_eye


Edit: Schéngt elo awer beemol gaangen ze sin... ech kann den comment awer Leider net läschen :/
Focus 01.12.2009 - 23:51
immens
deBaemm 01.12.2009 - 23:54
thx!
Gaga 02.12.2009 - 13:27
TOP !
haat elo eng interessant idee, daat selwecht mam focus op t'phila ...?!?!?
deBaemm 02.12.2009 - 13:35
thx gaga, an och fiir den FAV!
wéi mengs de daat mam Focus op d'Phila? Méi zantral oder wéi?
Gaga 02.12.2009 - 13:48
nee, t'verrière manner scharf, wei wann daat wei en schleier iwert der place de l'europe geiff leien !
deBaemm 02.12.2009 - 13:50
den problem ass dass daat schweier ass well d'fensteren "getéint" sin, sprech et sin iwwerall su kleng wäiss punkten dran fiir waat och emmer, wanns de eng propose hues, ech sin prenant smile mee verrière manner schaarf kléngt unsech gudd fiir den accent op d phila ze leen an awer nach den sorry e bessen dran ze hun, kléngt intressant!
Gaga 02.12.2009 - 13:57
bein manuel kansn de jo awer duerch deng weiss punkten focusseieren ?!?
an evtl. bessert wieder, mei sonn eben an en POL filter fier besser duerch t'glas ze kommen ?
wou sin eis techniker wann een se brauchbigsmile !
ech hun ob allefall gemierkt dat niwel sou zimlech daat schlemmst as, et kritt een en net eweg ... an en mecht alles sou mellecheg !
deBaemm 02.12.2009 - 13:59
daat schlemmst ass war keen niwwel tongueet huet net just dee moment opgehaal mat reenen, eben nemmen déi wäiss téinungspunkten do... mee recht hues de et wier op allenfall bei besserem Wieder ze probéieren smile (hätten mer daat nemmen geschwen sad
Gaga 02.12.2009 - 16:51
nach 5 meint ! daat geht schnell ! surprised
deBaemm 02.12.2009 - 17:59
jojo weem sees de et closed_eye
Kwitchibo 06.12.2009 - 00:43
Sorry net schlecht!!
Keup 06.12.2009 - 00:53
Flott idee an geseit geil aus.
Kwitchibo 06.12.2009 - 01:36
jop froen mech grad op sein Photobag do um bueden läit?
Keup 06.12.2009 - 11:08
Jo elo wous du et sees. Ass en Rucksaak. closed_eye)))
deBaemm 06.12.2009 - 15:53
fotobag jop, mäin nee (main war schéin geraumt nieft mer) closed_eye haat en kolleg mat derbäi deen war grad beschäftegt baussen ronderem ze laafen an ze hoffen dass et net geschwenn rem unfänkt mat reenen closed_eye

merci opallefall fiir d'comments iech 2
endorphine 04.11.2010 - 20:26
schööön
deBaemm 05.11.2010 - 02:11
freet mech wann et gefällt an thx fir den FAV smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 434 Gäscht online