Hues du gären hei eng Blend ënnerbeliicht? Du weess jo awer schon, datt de Capteur wäiss au deppart schon zimmléch gro (oder hei blo) ofbild. Ass dat sou gewollt? Ech, perséinléch, sin éischter vum Standpunkt, Schnéi oder Eis mat enger Blend iwwerzebeliichten. Mais, dat ass Affaire de de gout a selbstverständléch ass dat subjektiv an engagéiert just méch.
Mir gefällt déng Approche trotzdem gutt, fir déch op een Detail ze konzentréieren. Wars du do mat enger Drone driwwergeflunn oder stongs du op der Hochfluh oder op der Moosfluh?
Ech stoung uewen an hun eroof op den impressionanten Glätscher gekuckt. Den Blostach hun ech gär esou gewielt, dass d'Äis méi kaal wierkt.
Mat der Iwwerbeliichtung wees ech, mam Neutralgro an esou.
Ech beliichten grondsätzlech baal emmer eng Stuf ënner, dass näischt iwwerbeliicht gëtt bei méi héigen Kontraster.
Dat ass esou, wéi ech mir et geduecht hun. Am Fong hues du och Recht. Wann een dee kaale Gletscher wëllt nach méi fraschteg wierke loossen, da muss ee schon ënnerbeliichten. A lo, wou ech dat hei schreiwen a mir et sou richteg duerch de Kapp goe loossen, ass d'Eis jo eigentléch blo.
Du hues och ganz recht, fir normalerweis déng Fotoen ënnerzebeliichten. Eng Regel seet jo, datt een digital op d'Liichter soll beliichten an analog op d'Schieder. Ausgbrannten Deeler an engem digitale Bild sin irrecupérabel an an d'Schieder kann een Detailer mat LR a Co siche goen, iwwerdeems een an den analoge Fotoen keng Matière an den ënnerbeliichte Beräicher huet oder et terne a grimmeléch Farwe gëtt. Ech hu méng digital kameraen och d'office op - 0,3 oder bei ganz helle Motiver op -0,7 stoen.