Ech hun se tatsächlech och am s/w, wollt se awer och am Faarwegen hun well Harf, Hut, Hiem an Hautfaarw souwéi Hilet chic beieneen passen.
Cadragetechnech eventuel am 1:1, awer ech hätt besser gehaat ze waarden bis deen Mann am Hannergrond hannert der Mauer verschwonnen gewicht wär dann hätt ech mei Spillraum gehaat.
Merci fier dein Comment
Bei dësem Motiv passen béid Versiounen, Faarw souwuel ewéi SW, a bei engem Recadrement op 1:1 hues de ee komplett neit Bild.
PS: et huet mer esou an de Fanger gekribbelt , an ech hun et fir mech ausprobéiert
den Problem mat der Harf hues de chic geléist, daat kucken ech mier oof, den Cowboy selwer ass mier awer ze donkel geroden, do ass den Klangkierper vun der Harf zevill am Vierdergrond.
D'Gesiicht hun ech bewosst donkel gehalen fir de wäisse Baart ze betounen.
Deng Ausso ass ganz kloer ee 'Street', awer wéi gesot, et steet mir kengefals zou däin Original ze veränneren, just den Typ huet esou ee markant Gesiicht, an däi Bild esou vill Potential, do hat ech fir mech spontan dës eng cadréiert SW-Versioun virun Aen.
Fier d'Verständnis wollt ech nach eng kleng zousätzlech Erklärung zum "Burt" gin. Hien huet dei Harf wierklech extrem fein gespillt. Daat war an sech ganz sënnlech Musek, keen Country Whooohooo oder esou ähnlech.
Doweinst din ech mech schweier hien esou deischter, schon baal haart ze gesinn. Mais bon, daat ass eenzeg an alleng mein Empfannen, daat konnt keen wëssen.
Fier den Rescht fannen ech et awer immenz flott wann un enger vun mengen Photoen konstruktiv Kritik ausgeübt get an Idee'en dozou bruecht gin. Ech widerhuelen mech, merci dofier.