Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Hochmuth
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.12.2022
  • Gekuckt:
    11260
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    25 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1464x1000
  • Späicherplaz:
    772 KB
  • Originaldatum:
    2022:10:05 13:23:06
  • Fotoapparat:
    NIKON D5100
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92410]
Kommentar vum Fotograf:
Hierscht am Suedtirol
tormi 28.12.2022 - 22:16
Aah, den Ufank vun enger herrlecher Hierchtfierwung vun engem Spatz-Ahorn, an ganz Metteleuropa doheem. En absolut ënnerbewerteten Baam.
Nicon07 29.12.2022 - 11:09
Ennerbewert? Bei eis laanscht d'Strooss wuessen och Ahörnercher, vläicht keng spatz, awer fruuchtbar genuch, fir datt mir am Fréijoer honnerte Klenger tëscht den Hecken an am Gemisgaard rauszupfe kënnen, an dann iwwersi mir der nach. Aus eisen Hobichenhecke gët Joer fir Joer méi eng Mëschheck. An da soll Ahorn ënnerbewert sin? Fir méch sin et Pionéierbeem, déi no de Biirke kommen. smile
tormi 29.12.2022 - 12:24
Hehe, jo den Spatz- an den Bierg-Ahorn verbreeden sech mat hieren Probelleren nawell zimlech staark. Den Spatz-Ahorn verdengt am Gaardebau allerdengs mei Opmierksamkeet. Et ass en Hingucker an villen Hinsiichten. Beobacht den Baam mol während der Bleih. Hei wiesselt d'Faarw vun giel op greng. Iwwert dei ganz Vegetatiounsperiod absolut gesond fier dann mat enger chic'er Hierchtfierwung oofzeschleissen sou wei op deser flotter Photo ze gesin. En Baam deen mat sengen interessanten Sorten an villen Gärt Verwendung fannen kann. Sou, dei Lanz ass gebrach. closed_eye
Nicon07 29.12.2022 - 12:34
Du mengs wuel Park, wanns du Gaard sees. Ee sou ee Baam bei eis, a mir kënne Geméis, Bieren a Grompere vergiessen. Awer d'Lanz ass gutt gebrach! smile
tormi 29.12.2022 - 13:35
Et gin Sorten dei sech och fier den klengen Gaart eegenen. Just dei sin net bekannt well emmer nemmen dei 0815 Beem geplanzt gin.
Nicon07 29.12.2022 - 14:34
Oder sou ee geprafftenen Acer palmatum, wéi bei eis virun der Diir, deen 1,5 Héich ass an deem séng feierrout gefiedert Blieder wéi ee Freedefeier rofhänken. am Hierscht. smile
wuff 29.12.2022 - 08:28
Flott kontrasträich Faarwen
theom 02.01.2023 - 11:03
Fred mech dat se gefaellt
Nicon07 29.12.2022 - 11:12
Niewent de Faarwe gefällt och de Bildopbau mat der Clôture, déi de Bléck duercht d'Bild leet.
theom 02.01.2023 - 11:03
Merci vir dain Kommentar
Paul-H 02.01.2023 - 00:31
Gratuléieren zur WF.
theom 02.01.2023 - 11:02
Merci Paul.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 266 Gäscht online