Op de Mount gesinn Nico, hunn elo just gekuckt, sinn Biller hei 37 Biller eropgelueden ginn ... also eppes méi ewéi eent den Dag. Elo an Zäiten wou een d'Heizung soll op 19° astellen, wéilt ech gären Stroumkäschten vum Server pro Bild wëssen. Ech erënnere mech un Zäiten wou de Johny mer geschriwwen huet, ech sollt méi lues maachen, hei wiere Leit déi all Daach e Bild géife weisen.
Naja loss mer mol ofwaarden wéi et nach weidergeet.
Do hues du awer elo eppes ganz Sensibeles ugeschschnidde, wat allerdings och stëmmt. A sou gesin ass et richteg, net all Daag zwou Fotoe ropzelueden.
Méng Remarque war awer éischter geduecht, déi vill "Bots"-Memberen hei aus hirer Reserve ze lackelen an entweder mol eng Foto ze weisen oder an der Diskussion matzemaachen.
Merci Edy, herrlech däin Adventskranz, wann däi Krëschtbeemchen och an deem Stil gehalen ass, dat get et bestëmmt e schéint Fest bei dir, daat wëschen ech dir an denge Léifsten jiddefalls an e gudde Rutscht