Flott roud gréng Kontraster vun deem 'Film' Film. Wéi en et oft am Kino oder Fernseh gesäit. Ech denken ech bestellen mir och mol puer Rullen dovun, fir mäin nees Unfang mat der Fotographie aus dem leschten Joerdausend
Du hues den Embarras du Choix, well dat ass de Moment een Hype mat deene Filmer. Cinestill 50D, a Cinestill 400D (wann een der da kritt, well si si sou séier ausverkaaft, wéi der ausgeliwwert gin, a Cinestill 800T (Tungstene, also fir bannenan), Hoasca 200 (kritt een zu Zürich oder online bei Ars-Imago), Washi X kann een am C41 entwéckelen. Sunbath (50, 250) (zwee Bridder vu Par?is, d?i hiren Hobby zum Beruff gemaach hun an d?i Filmer fir Fotoapparater opbereeden) a Cinegrell , déi Kodak Vision2, Vision3 a Fuji Cinema Film konditionnéieren, kritt een och bei Ars-Imago awer déi mussen am ECN2-Prozess entwéckelt gin. An deen Service bidde Sunbath vu Paräis oder ee "gënschtegen" Labo zu Sankt-Gallen un. Donc: ech géing dir proposéieren, eemol bei Sunbath déch ze emkucken oder mat engem Cinestill 50Daylight ze probéieren. Di beschte Resultater kriss du souwisou wann d'Sonn schingt.