Merci villmols. Daat heiten war an engem Bësch wou den Hannergrond souwisou schon zimlech däischter war. Do war et dunn net all ze schwéier daat waat vum HG bliwen ass am LR mam Radial an Verlaafsfilter ofzedonkelen. En plus hun ech nach eng Vignette benotzt. Respektiv, ech hun mat der Vignette ugefaang an dunn réischt mam Radial an Verlaafsfilter nogebessert.
Wou konnt ech net un den LR denken, ech, dee jo och méng Fotoen all nodréigléch mat LR an PS retouchéiert. O mei!
Mais do gesäit een: wann een den LR professionnel manipuléiere kann, da fällt dat dem Betruechter hanneno guer net op, dat do nogehollef gin ass. Emsou besser!
Vum Konzept hier esou änlech wéi d'Rous, dëst Bild hei bitt méi Villfalt a Faarwen, an doweinst fannen ech dës souguer nach méi inteassant.
Très bien Paul!