Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Chemin des sculptures

All Fotoen an dëser Serie:
47313 Thumbnail
47314 Thumbnail
47315 Thumbnail
47316 Thumbnail
47317 Thumbnail
Chemin des sculptures
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.06.2021
  • Gekuckt:
    20027
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91413]
Kommentar vum Fotograf:
à Bilsdorf.

Analog um Tour mol neess eng Kéier um Skulpturewee bei Bilschdrëf.

Di quadratesch Fotoe si mat der Lubitel 166 gemaach an di läscht, vum Waassersteen, ass mat der Pentax 6X7. Film ass an deenen 2 Kéieren een Ilford HP5+ gewiescht.
wuff 23.06.2021 - 08:51
Déi zweet gefällt mir am beschten well een do kloer den Haaptsujet erkennt.
Nicon07 24.06.2021 - 17:00
Merci!
Jaycee 24.06.2021 - 16:39
Fir eng 3lënseg Glasschiëbel ass d'Lubitel emol guer nët esou schlecht, ok se vignettéiert somehow an d'Schärft ass nët grad top, mais ët gëtt schlëmmeres, Holga z.B.
Nicon07 24.06.2021 - 17:00
Wann dann den Deckel richteg zou ass, an net grad een ze décken Lomography-Film dran ass, deen séch schlecht weider dréie léisst an deen en plus nach "Irlichter" vun hannen an de Boîtier léisst... smile

Mais du hues scho recht: di Këscht mat enger Schierbel als Guckelchen ass net schlecht. A souwisou: haut, wou een digital wielt, fir super Qualitéit, sin sou Maschine mat aleatoreschen Defauts dach richteg sexy, gell...
Jaycee 24.06.2021 - 18:42
Waat mech haaptsechlech demols u menger Lubitel 2 gestéiert huet, daat war de gruftegen Viseur, déi mangelhaft Ergonomie huet in etwa dem Präis entsprach (100 FF an engem Fotogeschäft zu Metz).
Nicon07 24.06.2021 - 19:19
Effektiv ass d'Ergonomie bei deem sovietesch-russesche Spillchen do grenzwerteg, mais dat grad mécht de Charme... Wann ee mol net gutt kuckt oder een Tiirchen ze wäit dréit un deem Riedchen, da mécht een di schéinsten Duebelbeliichtungen...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 298 Gäscht online