dat heiten ass egal wat, firwat nach ofstëmmen,
als eenzeg hei ass si souwisou Foto vun der Woch,
oder et misst een kennen mat "nee" ofstëmmen.
ech hätt dann mat "nee" ofgestëmmt, mir perséinlech ass se ze vill verschafft, gesäit een keng Detailer méi an si ass blatzeg.
Ech denken an hoffen mol den "egal wat" bezitt sech net op d'Foto mee éier op de "modus operandi" vun der Wochenfoto. D'Bea ass dach emmer adg, mir gefällt se immens gudd sou wéi den Guy se verschafft huet an dofir war ech och deen se virgeschloen huet. Hätt ech daat net gemaach wir guer keng do gewiescht.
Ech muss dem Pit recht gin-, Du häss jo och eng aaner kennen virschloen. Dir selwer muss een awer zedudd haalen dass Du nach een vun deenen bass déi hei regelméisseg kommentéieren, daat fannen ech gudd.
Dem Comité muss dest allerdings ze denken gin. Eng Méiglechkeet wir dass de Comité Samschdes kukkt wievill Fotoen virgeschloen goufen an jenodeem dann nach déi eng oder aaner bäisetzt, et waren jo awer wirklech och nach aaner gudder rop gelueden gin.
den "egal wat" bezitt sech effektiv op de System hei mam ofstëmmen, well dat doten war net di éischte Kéier wou dat virkomm ass
mam adg ginn ech dir Recht, mee da muss ech awer och an der doter Situatioun kennen mat "neen" stemmen
mat de Kommentaren ass een hei schonns frou wann een "mega" "super" etc schreift
ech hat schonns dacks geduecht fir hei opzehalen wéi eng ganz Partie gutt Leit dat schonns gemaach hunn, ech hunn d'Hoffnung awer dat et nëmmen kann besser ginn
wat mech z.B. och stéiert, dat op der Startsäit nach ëmmer bei Neiegkeeten "schéint Chrëschtdag" steet !
Ech fannen eben dass sou eng Situatioun einfach net dierft enstoen, dofir mäin Virschlag.
De Rescht ennerscheiwen ech alles mat zwou Hänn. Bei den Neiegketen stin nach e puer aaner uraal Saachen. Waat awer z.B. feelt wir eng Art "compte rendu" vun der leschter Generalversammlung fir déi Leit déi net konnten kommen. Ech konnt z.B. deen Daag wirklech net do sin.
Mee, komm looss eis dem Guy seng WF net hei op deser Plaatz "futti schreiwen".