Am Niwwel ass d'Endléchkeet opgehuewen an alles gët onendléch. D'Welt gëtt an hirer Onendléchkeet awer op dat Wesentlécht reduzéiert an si ass doduerch ageengt. D'Zweedeitegkeet op d'Spëtzt gedriwwen, souzesoen.
An dann déi Tragik hei: no lénks de Rampeli rof, no rechts dat déift Waasser ouni Buedem (besonnesch um Niklosbierg kann et séier de Rouer rof op d'Turbinnen an an d'Our laafen) an de Wee an déi gro Britt ouni Substanz a Perspektiv. Ech weess nit, ob s du dat am Sënn has, wéi's du di Foto hei gemaach has, oder ob just ech dat an dénger Foto gesin, mais fir méch ass dat hei scho bal d'Sublimatioun vun der verzweiflung. Mais et bleift awer nach eng kleng Hoffnung. d'Liicht! Déng Foto ass hell, an et gesäit een de Wee, an et si Glänneren do, déi een an der Spur halen.
E Wee deen an d'Ongewëssheet, an d'Näischt era féiert! Do kann ech schonns un d'Nodenke kommen. Sou ginn dem Nicon07 seng Iwwerleeungen dem Bild eng philosophesch Déift ,eng weider Dimensioun.
Dat ass flott an d'Bild gefält mir exzellent!