Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The passenger

 
All Fotoen an dëser Serie:
33396 Thumbnail
33397 Thumbnail
The passenger
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.12.2012
  • Gekuckt:
    95697
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    44
  • Originaldatum:
    24/11/2012
  • Fotoapparat:
    5DMKIII
  • Objektiv:
    Tokina Fisheye 10-17
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:
Dëm Johny säi Fisheye, merci :-)

Fir anzesetzen: [pg_img=69376]
Kommentar vum Fotograf:
Am Skymetro um Flughafen zu Zürich.

Hat Gléck dass grad wéineg Passagéier den Zuch geholl hun, emsou méi Gléck dass dëse Mataarbeschter grad an de Waggon virun ons erageklommen ass.

Drop klicken fir bescht Qualitéit.
micky-maus 25.12.2012 - 23:10
Boah!! surprised wei cool ass daat dann??
Denken daat sin Reflektiounen vunn der Fenster dei een doo ronderem dem Zuch gesait.... Super Moment-Opnahm dei ech rischteg gudd fannen, Christian..... smile
gogo 25.12.2012 - 23:56
bigsmile

Merci! An Merci och fir de Fav!

Jo richteg, dei Reflektiounen si vu "méngem Wagon".

Ech konnt mech nach vum Joër virdrunner erënneren dass ech den Zuch do zimmlech flott fonnt haat, an kuerz iert den Zuch ugefuer ass an de Mann sech do gesaat huet do hun ech net gezeckt, Rucksack roof, boîtier raus, fisheye drop, kamera un, deckele roof an daat alles innerhalb vun e puer Sekonnen bigsmile
Aiello 25.12.2012 - 23:13
Dei zweet gefällt mer super
gogo 25.12.2012 - 23:58
Merci, jo di zweet war am Ufank och mäi Favorit, an Tëschenzäit kann ech mech net entscheeden.

Waat mir bei der zweeter am Beschte gefaellt ass den Tunnel selwer, well en riit geet an sou onendlech wierkt.
Aiello 26.12.2012 - 00:07
Genau, an dat iwert den Kanzel den lichten blur an verleit em Geschwindeschket asw..zieht en richteg eran...och den passenger hätt an senger Hautfarf an Kledungsfarf ned besser keinten sinn hehe
gogo 26.12.2012 - 00:55
Du treffs den Nol op de Kapp smile

An merci fir de Fav! smile
Aiello 26.12.2012 - 01:08
Gär geschitt cool
gemu 26.12.2012 - 08:16
Genial, fir mech och déi 2. sin awer allen zwou super
gogo 26.12.2012 - 11:48
Merci Georges smile
Conley 26.12.2012 - 13:56
Bei der zweeter kéint en mengen et wären 2 Biller an engem duerch Spigelung. Fannen di awer allen zwou Super gogo.
gogo 26.12.2012 - 17:35
Och dier Merci Roger fir de Feedback. smile
jorsch 26.12.2012 - 20:01
Super Fotoen, besonnesch déi 2. wou een nach virum Waggon endlos an den däischteren Tunnel era gesäit.

De schwaarze Mann mat dem wäissen Hiem am schwaarz-wäissen Zuch wierkt einsam an triste an enger steriler Technik-Welt, deeër hien och nach ausgeliwwert ass.

Wou geet déi Rees hin?

Fir mech exzellent!
gogo 26.12.2012 - 23:28
Merci Jorsch, an och eng flott Analyse vun der Foto, do kann een wierklech vill dranner interpretéiren smile
Schluck 26.12.2012 - 22:55
Kann mech nëmmen unschléissen .. déi 2. ass Top
gogo 26.12.2012 - 23:28
Merci Schluck! smile
marker 27.12.2012 - 10:02
..enjoy your Switzerland..!! ..eng s..flott Serie, wou déi zweet mech och am meeschten usprecht. SW war hei ee ''Must'' menger Meenung no.
Exzellent gogo..!!
gogo 27.12.2012 - 14:25
Merci marker,

freet mech immens dass se sou gudd ukoennt, mam SW do gin ech der absolut Recht, am "fuerwegen" wier se net sou gudd riwwerkomm.

Och dier Merci fir de Fav! smile
Jacques 27.12.2012 - 11:41
Déi eischt ass wonnerbar!
Eng proper an esthétech s/w Foto matt schéinem Bildopbau an Kontraster!
gogo 27.12.2012 - 14:29
Merci Jacques daat freet mech,
ech hat bei dëser ënnert annerem duebel Gléck mat der Luut.

D'Luut war virun der henneschter Fenster vum Wagon,
domadder ass sou e schéine "Lichtkranz" ëmt de Wagon an e stecht mei ervier, en plus hun ech duerch d'Positioun vun der Luut kéng stéirend Reflektiounen um Haaptsujet.

An Merci fir de Fav! Doriwwer frëen ech mech natierlech ganz besonnesch smile
Sutebe 27.12.2012 - 20:58
ahh dei 2 fotoen sin flot.. dei heischtkant geafelyt me just besser well een keng keier huert mee dei deift an de met vum bild smile
gogo 27.12.2012 - 23:18
Merci, jo daat mescht effektiv vill aus smile
mischii 30.12.2012 - 10:15
ech ka mech net entscheeden, allen zwou sin se genial!
gogo 30.12.2012 - 13:56
Merci,

daat gefaellt mer duebel sou gudd bigsmile
OK-Photography 30.12.2012 - 13:20
wow! knackechen S/W, beweegung dran an gestachen scharf - immens Foto!! smile

Kréien mech awer och net entscheed, et as do emmer besser wann den Fotograf selwer dei Entscheedung fir mech helt....tongue

evntl wierkt se Heischkant nach eng Grimmel mei...weesnik...


FLOTT!!
gogo 30.12.2012 - 13:59
Hehe, merci Oli,

mäin éischte Favorit war dei am Landscape, no laengerem betruechten gefaellt mer d'Héichkant besser, an awer di aaner huet och erëm hiere Reiz bigsmile

PS: Merci och fier däi Favorit! smile
-Un4Im3D- 30.12.2012 - 13:27
Super Foto gogo! Mir gefält déi 2et am beschten : )
gogo 30.12.2012 - 14:00
Merci Gin,

an och merci fier de Fav! smile
Michelle 30.12.2012 - 13:39
déi gefalen mir och deck gutt, tipptopp geschafft smile mengen fannen déi éischt am beschten.
gogo 30.12.2012 - 14:01
Merci Michelle smile
Schluck 31.12.2012 - 00:29
Congrats gogo ... definitiv verdengt!
gogo 31.12.2012 - 15:51
Merci Schluck! smile
gemu 31.12.2012 - 07:23
Ech gratuléiren dir fir d'Wochenfoto a wënschen dir all dat Bescht fir d'Neit Joer an nach vill esou flott Motiver wéi déi hei
gogo 31.12.2012 - 15:51
Merci Georges, an ech wënschen dir natierlech och daat sëlwescht.
shooting 31.12.2012 - 09:27
Déi zwee, ass meng Favorite... gutt reagéiert, flotten Resultat Gratulatioun gogo smile
gogo 31.12.2012 - 15:52
Merci Vitor!
Abacab 31.12.2012 - 10:41
Gratulatioun gogo, super Foto!
gogo 31.12.2012 - 15:52
Och dier Merci Marc.
Jean-Jos 31.12.2012 - 13:24
Déi hat mech am thumb sécher guer nët ugesprach, wëll ech hat se nët ugeklickt.
Lo, wou se op der rietser Säit steet, sin ech mer se ukucke komm und "hab's für sehr gut befunden". Besonnesch déi 'landscape-Versioun' wierkt super. Félicitatiounen gogo!
gogo 31.12.2012 - 15:53
Merci Jean-Jos freet mech smile
nebu 02.01.2013 - 22:19
Ganz Flott.
gogo 03.01.2013 - 01:18
Merci, an och merci fier de Fav! smile
Johny 17.02.2013 - 19:53
Ech hu grad d'Foto nach eng Kéier gesinn an der Lëscht vun de Wochefotoen, an den Titel gelies. Ass vläicht bëssen riskant, mä wir als Titel net "The dark passenger" nach besser? bigsmile (An Referenz zu Dexter)
OK-Photography 17.02.2013 - 23:00
hrhrhr "riskant" an dem Kontextm hat bessi gebraucht, mee stemmt... smile
gudd Iddi mee wees nik op ECH se sou nennen giff hehe
gogo 18.02.2013 - 10:37
Merci fir de Reminder muss mer nach di näi Staffel ukucken bigsmile

Just schuëd dass di meescht Läit daat sécher géiffen falsch ophuelen :/

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 272 Gäscht online