Jo gëll, ët hat mer schon eng kéier een zu Remerschen gezielt dass ën ee Kueb gesinn hätt fëschen mais wéi ech ët dunn selwer gesinn hunn woar ech awer paff
Ët hat schon een mer ët gezielt an ech mengen dem kann ech ët och verdanken dass ech se erwëscht hunn, wëll dofir wosst ech wat se géif machen ... annercht hät ech bestëmmt och just gestaunt
Ech sin natirléch rëm deen x. an der Rei, deen dat selwécht schreift, wéi di aaner, mais du wolls et jo sou! Hei kann een net aanescht, wéi schreiwen, datt di 5. Foto di beschten an di interessantesten ass. A well ech jo en plus nach ee Literat an engem aanere Liewe sin, kommen ech net derlaanscht ze soen, datt i Foto eng Balade erzielt wéi an der gudder aaler Traditioun: vu Leed an Op-d'A-Gedréckt-gin an der tragik vum Liewen. Et fënnt een ëmmer een, deen engem eppes nomécht, an et verpasst een och ëmmer mol dee "richtege" Moment, wann een an der Sonn sëtzt a séng Flilécken dréchend. An et huet een och ëmmer mol di eng, déi deene vermeintléch rechtméissege Besetzer (Kormoran an dësem Fall) vun eppes (hei d'Fësch am Dëmpel) hiert Brout vum Teller huelen.
Super erzielt, Schluck. Sou Biller maachen immens Freed se ze gesin. Merci!
ROFL .. immens gesoot, d'Lierwen ass nunmol ee Kampf an wenn wëll iwwerliewen muss halt och mol oppen sinn fir eppes néits an heinsdo eppes béiléieren. Merci fir deng Appreciatioun an däin flotten Kommentar!
Effektiv ass fototeschnech déi 5. am flottsten mais ech mengen ouni déi anner wier se och nëmmen hallef sou flott gewiercht well dann d'Fro wéi ët zu dem Fësch am Schnierwel komm ass am Ruam gestannen hàt .. et hät jo dann genau sou gudd kënnen sinn dass ën engem anneren een geklaut hätt
Mir hate schonns hei eng Int, déi Fësch frësst, an elo och nach e Kueb, wou geet dat hin?
Eng erstaunlech Serie.
5 ass di Flottst, awer nëmme mat Hëllef vun deenen aneren!
Den Här Jean de La Fontaine, misst lo mol secher seng Fabel nei iwwerdenken, d'Moral wärt zwar net vill änneren,
een ass ëmmer deen Dommen , an dësem Fall dann de Kormoran,
lo misst et weider goen mat enger Geschicht wou de Kormoran wënnt.........
gëff Dech drun Schluck, Du fënns se bestëmmt
Mischii, d'Kuebe sin zwar bal ëmmer d'Gewënner... Wann ech bei eis an de Beem niewendru gesi, wéi se fir d'éischt d'Kréien een Nacsht baue loossen, an se se da verjoen mat vill Rapp a Klapp... a wann ech gesi, wéi se bei eis vis-à-vis an de Stécker d'Hingerdéiwen an aaner Gräifvigel zur Verzweiflung bréngen, datt déi kleng bäi gin, da kann ech mir virstellen, datt och ee Kormoran et schwéier dierft hu géint ee Kueb....