Interessant, wosst guer net dat Flei Aen hun. Mikroskop Digiskopie as guer net esou einfach wei ech mierken, bei der Ganzkörperopnahm mengen ech dat Panz mei scharf as ewei den Kapp.
Deng Ricoh as en makrospezialist, mat enger Luucht um Desch, wier do net mei dran gewierscht? Ech wees et net, dofir froen ech, et soll net iwerhieflech riwwer kommen.
Merci fir den Feedback, Fennec (weitléefeg Famill )
Bäi der Vergréisserung (x40) hoas de just noach éen Déifteschärft voan e puer honnertstel mm an all Objekt waat net plan ass, stellt éen Erausfuerderung duer.
Technesch gesinn: Donkelfeld-Opnahm d.h. d'Luucht déi normalerweis voan ënnen kennt an den Objekt duerchliicht (hellen Hannergronn), gëtt duerch éen "Ringblende" emgeléet an féelt voan säitlech ënnen (schwoarzen Hannergronn) op d'Objekt. Ausserdéem ass d'Luucht voan ënnen op e maximum reduzéiert géen fir dass praktesch just noach d'Ëmgéebungsluucht den Objekt voan uewen ophellt.
Äich hoffen daat hëlleft dir weider
Daat as eng zimlech komplizeiert Geschicht, dh platt Fleih sin mei einfach scharfzestellen, gesin awer vleit net anstännesch aus.
Merci fir deng ausfeierlech Erklärung.