D'Bild gefält mer gutt wéinst senger minimalistescher Approche. Ech kéint mer méi Kontrast am bild virstellen, do misst de da just selektiv schaffen fir dass den Kontrast op den Leit esou bleift wéi en ass, an dass just de Rescht vum Bild méi staark Donkel- an Helltéin kritt.
Nee. Ech géif eemol d'Mauer auswielen an do mat Curves schaffen, dann nach eemol de Buedem an do d'selwecht. Wann s de erlaabs maachen ech et kuerz am PS a verlinken de Fichier mat Layers.